Invité vun der Redaktioun - Spezial (15. Abrëll) - Reckinger, Back, SpautzKeng national Tripartite en vue – dofir Dräierronn op RTL

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war eng “Tripartite” am RTL-Studio.
Invité vun der Redaktioun - Spezial: Tripartite
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Eng Tripartite um Radio

De Sozialdialog hei am Land huet an der Lescht ferme Téitsche kritt. D'Sozialpartner leien op villen Dossieren iwwerhaapt net op enger Linn an aktuell war et net dran, sech zu Dräi, also als Regierung, Gewerkschaften a Patronat, zesummen un een Dësch ze setzen.

Mä esou eng Tripartite koumt e Mëttwoch de Moien awer bei op RTL Radio Lëtzebuerg zustanen. Den Aarbechtsminister Marc Spautz, den UEL-President Michel Reckinger, an d’OGBL-Presidentin Nora Back als Vertriederin vun der Union syndicale waren allen Dräi bei eis am Studio.

Keng national Tripartite en vue – dofir Dräierronn op RTL
E Mëttwoch de Moie war eng “Tripartite” am RTL-Studio.

"Ech gleewen un d'Tripartite"

Nëmme wann een zu Dräi kann diskutéieren a streiden, kann et och Resultater ginn. "Ech gleewen un de Modell vun der Tripartite", sot de Marc Spautz, dee bedauert huet, dass hien et a sengen éischten 126 Deeg als neien Aarbechtsminister net fäerdeg bruecht hätt, eng Dräierronn beieneen ze kréien.

Do wou et wierklech wichteg ass, do funktionéiert de Sozialdialog, sot den UEL-Chef Michel Reckinger. Nämlech an de Betriber. Awer och an anere Gremie wéi der Krankekeess oder am Wirtschafts- a Sozialrot. Mä mir hunn d'Impressioun, dass d'Gewerkschaften net méi mat eis schwätze wëllen.

"Jo, mir sinn als Gewerkschafte méi wäit ewech vu Regierung a Patronat, wéi wuel jee virdrun. Virun allem d'Regierungpolitik hätt awer den Ausschlag ginn", sot d'Nora Back. Permanent Attacke vun der CSV-DP-Koalitioun hätt et ginn. Et wier ee virgefouert ginn, an iergendwann hätt een dat net méi kënne matmaachen.

Als e "Verrot um Mindestloun" huet d'Vertriederin vun der Union syndicales den Dolchstouss bezeechent, deen d'Regierung gemaach hätt, fir d'Mindestloun-Decisioun ze huelen, als fait accompli, ouni reell Diskussiounen. Ass hien dann iwwerhaapt wierklech zefridde mat der Mindestloun-Decisioun, war et d'Fro un de Minister? Bis Ouschteren eng Decisioun ze treffen, war d'Zil. Dat hätt een am Regierungsrot gemaach, sou de Marc Spautz.  Et hätt een net éiweg wëlle virufuere mat enger Virwëtztut.

Wann ee wëll diskutéieren, muss een och wëllen diskutéieren an och deenen Aneren nolauschtere kënnen, weist de Michel Reckinger mam verbale Fanger op d'Gewerkschaften.

"Mer wëllen d'Gefill kréien, dass mer eescht geholl ginn"

Déi Ausso mécht d'Nora Back. Et wier net normal, wa Gewerkschaften aus der Press gewuer ginn, wat d'Regierung beim Mindestloun wëlles huet.

Dee Sujet wier och sécher elo net fäerdeg. Et wäert een et net bei deem, wat elo decidéiert gouf, beloossen, annoncéiert d'OGBL-Presidentin. Fir déi kënnt e Retour an de CPTE aktuell och weiderhin net a Fro. Dat wier "momentan ondenkbar".

Sou komesch et kléngt, beim Mindestloun mengen ech, datt d'Gewerkschaften an d'Patronen dat Selwecht wëllen, sot de Michel Reckinger. Mat all Pai muss een dezent kënne liewen. Dofir muss een och deene Schwaachen hëllefen, ouni d'Betriber ze belaaschten. Well awer ni Critère festgeluecht goufen, wéi d'EU-Directive iwwert de Mindestloun et virgesäit, kéint een net soen, mat wéi vill Plus oder Minus ee kéint averstane sinn.  Et wier awer kloer, dass eng Hausse vum Mindestloun déi Betriber, déi am meeschte concernéiert sinn, ganz staark belaascht. An et wier esou, dass Firmen, wou vill Mindestloun bezuelt gëtt, Secteure sinn, wéi Horesca oder de Bau, deenen et souwisou schonn net gutt geet. Dofir wier och den Index e Problem.

Aussoen, mat deenen d'Nora Back net averstanen war. Eng Almosepolitik wier net ze acceptéieren. Als Erënnerung: Lëtzebuerg ass leider Leader an der EU, wat déi sougenannt "working-poor" ugeet. Mam Mindestloun zu Lëtzebuerg kéim een net iwwert d'Ronnen. Dofir wier déi eenzeg Alternativ eng strukturell Hausse. De Mindestloun wier och net den Doudmécher vun der Kompetitivitéit. E wier souguer sënnvoll fir d'Wirtschaft unzekuerbelen.

De Minister Spautz läit op enger Linn mat deenen aneren Zwee, dass ee mam Mindestloun just ganz schwiereg iwwert d'Ronne kënnt. Dofir hätt d'Regierung awer eng ganz Panoplie u soziale Mesuren decidéiert.

Wat d'Rechemethod ugeet, fir de Median-Salaire ze definéieren, op dee sech jo baséiert gëtt, wier et normal, dass d'Grond-Gehalt geholl gëtt. Dat gesäit de Michel Reckinger d'Selwecht wéi den Aarbechtsminister. D'Gewerkschaften net.Fir si géifen och den 13. Mount, Iwwerstonnen, Sonndesaarbecht a Gratifikatiounen an d'Berechnunge mat dra gehéieren.

Wéi gesäit et da mat enger richteger Tripartite aus?

Wann de Wëllen net do ass, fir sech zu Dräi ze gesinn, ass et schwiereg, eppes ze preparéieren, wat a Richtung national Tripartite géif goen, seet de Marc Spautz. An eng Tripartite gi mer, äntwert d’Nora Back. "Bei de Premier gi Se, bei mech kommen Se net", sou de Commentaire vum Marc Spautz.

Et wier dat nationaalt Kriseninstrument, wou sech bis ewell ëmmer gewisen hätt, dass Kompromësser méiglech sinn, soen d'Gewerkschaften. Fir déi ass awer och kloer, dass een net an eng Tripartite geet, déi reng soll zesummekommen, wann eng zweet Indextranche erfält. Dat stéing am Koalitiounsprogramm, an deen deele mir net, sou d’Nora Back.

De Michel Reckinger plädéiert awer fir eng Tripartite. Duerch d'Konsequenze vum Iran-Krich wier een nees an enger Situatioun, wéi virun dräi Joer, mat ferme Präishaussen a quasi alle Beräicher. Doriwwer sollt ee schwätzen.

D'Dräier-Ronn gëtt och e Mëttwoch den Owend nom Journal integral diffuséiert.

Zesummen um Dësch souzen

Den UEL-President Michel Reckinger
D'Nora Back als Vertriederin vun der Union Syndicale
Den Aarbechtsminister Marc Spautz.

Eng Tripartite um Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO