Invitée vun der Redaktioun (12. Februar)Michèle Halsdorf iwwer d'Suergen ëm den Infirmiersberuff

RTL Lëtzebuerg
Invitée e Méindeg war d'Presidentin vun der Anil.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Michèle Halsdorf
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Infirmièren an Infirmieren mécht sech Suergen ëm hire Beruffsstand.

Reportage: Wat sinn eis gutt forméiert Infirmière wäert?

Zum Beispill wieren déi ënnerschiddlech Berechnungsmethode Schold un engem Personalmanktem um Terrain. Sou d'Michèle Halsdorf, Presidentin vun der ANIL, um Méindeg de Mueren am RTL-Interview.

Hei misst eng neutral Instanz geschafe ginn, déi de Besoin u Leit genee definéiert.

Eng weider Fuerderung un der Infirmière-Associatioun ass eng méi héich Formatioun. Am Plaz vum BTS e Bachelor.

Natierlech géif dat méi Personalkäschte bedeiten, mä do misst een als Politik a Gesellschaft wëssen, wat engem e gudden medezineschen Encadrement wäert ass.

D'Anil geet elo bei déi verschidde politesch Parteien, fir datt hir Fuerderunge méiglecherweis an d'Wahlprogrammer stoen kommen.

Invitée e Méindeg war d'Presidentin vun der Anil.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO