Franz FayotMinister bleift bei der Iddi, fir Kommissioun fir Immobilièren ze plafonéieren

Roy Grotz
Scho virun zwou Wochen hat de Franz Fayot an der Emissioun "Background" gesot, wëlles ze hunn, d'Kommissioun fir Immobilièren ze plafonéieren.

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Parteikolleeg Dan Biancalana confirméiert de Franz Fayot dëst zesumme mat de Ministere Yuriko Backes an Henri Kox.

Deemno wier een aktuell am Gaang am Wirtschaftsministère juristesch ze préiwen wéi een d’Kommissioun, déi bei der Vente vun Haiser, Wunnengen oder Terrainen un d’Immobilière bezuelt ginn, plafonéiere kann - sief dat iwwert e Spezialgesetz oder iwwert e Règlement Grand-Ducal, deen zäitlech limitéiert wier.

Rieds geet vun engem Forfait, deen dann als Oppräis bei der Immobilien-Vente, géif bezuelt ginn - an deen ënnert der geleefeger Kommissioun vun 3% géif leien - u sech e Präis, dee legal wéinst dem Konkurrenz-Gesetz guer net méi “en vigueur” ass.

Zum Beispill spillt och e Spezialgesetz fir d’Präisser fir Taxis-Coursse festzeleeën, respektiv och bei der Vente vu Medikamenter.

Allemol schéngt et kloer, datt d’Immobilièrë vun der Präis-Explosioun um Wunnengsmaart profitéieren: Dat kann och un den Netto TVA-Recetten festgemaach ginn, déi d’Immobilièren dem Staat bezuele mussen: 2015 waren dat ronn 12 Milliounen, zejoert waren et mat 27 Milliounen, méi wéi dat Duebelt.

Back to Top
CIM LOGO