Soziale Fortschrëtt duerch Klimaneutralitéit?
D’LSAP setzt bei den Europawalen 2024 op “e gréngen Deal mat engem rouden Häerz”. Majo dës Transitioun dierft awer net just fir déi eng sinn, an déi aner bleiwen op der Streck leien. Jiddweree soll sech kënne Wärmepompelen a Solaranlage leeschte kënnen, et soll op kee Fall e Privileeg bleiwe fir e puer Leit. D’Léisung heivir sinn dem Marc Angel no fir méi Steiergelder an d’EU ze kréien, dat iwwer nei Ressourcen: “Mir hätten do gär eng Diskussioun iwwert eng Steier vun deenen Ultraräichen, vun de Milliardären. Mir hätte gär, dass d’ Betriber, déi elo an an der, déi sougenannte ‘Windfall Profits’, déi Profitter, déi vum Himmel falen, dass déi Sue genotzt ginn, och fir de Länner ze ginn, fir d’ Leit ze ënnerstëtzen an där Klimatransitioun.” Wann elo net géif investéiert ginn, géif et spéider nach méi deier ginn, sou d’LSAP.“Wa mer net an d’Mënschen investéieren an nëmmen an de Bannemaart, dann hu mer näischt gewonnen, da maache mer Europa méi schwaach. An et geet jo drëms, fir kompetitiv ze sinn. A kompetitiv si mer, wa mer gutt Léin hunn, wann d’ Leit gutt schaffen, wann d’ Produktivitéit héich ass. Dat ass wichteg.” Fir kompetitiv ze bleiwen an d’Léin héich ze halen, misst dohier méi an d’Klima an an Energie investéiert ginn, fir net méi vun der deierer Energie aus dem Ausland ofhängeg ze sinn, sou den LSAP-Politiker weider. Eng richteg Energie-Unioun misst hier, de Bannemaart misst opgemaach an de Marché vun der Elektrizitéit misst reforméiert ginn. An hei wier d’Formule ganz kloer: “Wann Europa gewënnt, gewënnt och Lëtzebuerg.”
Wéi vill Migratioun geet, wou sinn d’Limitte fir Europa?
Déi legal Migratioun misst der LSAP no weider gestäerkt ginn, heivir hätt d’EU och d’Kapazitéiten. Manner wéi 10 Prozent vun den 3,5 Millioune Migranten am Joer 2022 wieren “irregulär Migrante” gewiescht, also Leit ouni Visa. Déi legal Migratioun misst kloer weider ausgebaut ginn, et bräicht een nämlech Aarbechtskraaft an der EU. Dat hätte souguer Länner wéi Italien verstanen: “Souguer d’Madamm Meloni huet missen en Dekreet ënnerschreiwen, fir 500 .000 Auslänner als Drëttstaaten an Italien ze kréien, fir dass hir Ekonomie fonctionéiert. Also wie mengt, mir géifen ouni Migratioun kënnen, eis Ekonomie um Dréi erhalen, deen iert sech.” Heivir brauchen d’Länner awer Sue fir eng gutt a produktiv Integratiounspolitik.
“Mir hate villméi éischter musse rietsextreemem denoncéieren, Populisten denoncéieren, hir liicht Äntwerten op komplex Problemer demaskéieren. An natierlech hu mer warscheinlech och Feeler gemaach.” Virun zwanzeg Joer wier et “In” gewiescht, vill Saachen ze privatiséieren. Dat wier dee falsche Wee. “Mir wëssen elo, dass Austeritéitspolitik schlecht ass.” No der Covidkris hätt ee gewisen, dass een ouni Austeritéitspolitik, dofir mat méi engem sozialen Europa auskënnt. A Länner wéi Italien, Schweden oder Finnland géif ee kloer gesinn, dass riets Regierungen un déi sozial Hëllefen, Fraerechter a weider Rechter fréckele géife goen. Ma genee dës Rechter misste geschützt ginn an dës Astellung misst demaskéiert ginn.