
Et géif kloer aus dem Rapport ervirgoen, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem net schlecht ass, betount de Mars Di Bartolomeo vun der LSAP. An dat géifen ënnerschiddlech Indicateure beleeën:
“De gerénge Bäitrag aus der eegener Täsch vun de Patienten. Den Zougang zu vergläichbar gudde Gesondheetsleeschtunge fir jiddwereen.”
Den Zougang wier fir praktesch jidderee garantéiert. Fir d’Totalitéit do ze erreechen, misst de Pilotprojet vun der “couverture universelle de soins de santé” an e Gesetztext ëmgesat ginn, huet den LSAP-Deputéierten nach ënnerstrach. De Marc Spautz vun der CSV betount dann, datt am Rapport d’Fusioun tëscht der Santé an der Sécurité sociale felicitéiert gëtt. D’Schwaachpunkten, déi thematiséiert ginn, wiere Pisten, un deene souwisou scho géif geschafft ginn:
“Mir si jo amgaangen ze schaffen um Gesetz vun der Santé publique, wat normalerweis bis 2026 muss do sinn. A wat awer hei och elo dee Rapport, dee bestätegt, dass dat déi richteg Pist ass, déi mer ugaange sinn.”
E Besoin an eisem Gesondheetssystem wier eng besser Preventiounspolitik, seet de fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo:
“An deem Beräich, wou mer Doudesfäll kënne verhënneren, an dat ass iwwerméissegen Alkoholkonsum, dat ass den Tubak, dat ass Iwwergewiicht, dat ass Mangel u Beweegung.”
D’Djuna Bernard vun déi Gréng behält aus dem Rapport ënnert anerem zréck, datt um Niveau vun der Grondversuergung e klore Kader feelt:
“Wat gehéiert alles dozou? A wéi vernetze mer d’Soins primaires zesumme mam Secteur hospitalier besser? Wéi kënne mer eng méi Patientenzentréiert Approche maachen, och d’Stéchwuert DSP, dat dora virkënnt, wou enorm vill Potenzial am Fong dra schlummert, och an där Digitaliséierung dohannert, mee wou mer am Fong nach guer net prett sinn, fir dat richteg ze notzen.”
Och de Personalmanktem gëtt am Rapport thematiséiert. De Marc Spautz:
“An do ass et wichteg, dass mer nach méi maachen. D’Madamm Minister ass amgaang, mee mir mussen och am ganze System nach méi mobiliséieren, dass mer Leit fannen, déi och interesséiert sinn, an déi Secteuren eranzegoen.”
De Problem vum Manktem u Gesondheetspersonal géif et awer net just zu Lëtzebuerg mee weltwäit ginn, huet den CSV-Deputéierten nach ënnerstrach.
Eng Reaktioun vu Säite vum Gesondheetsministère kréie mer iwwerdeems am Laf vum Donneschdeg, fir nozefroen, wéi een de Schwaachstellen an eisem System entgéint wierke wëll.