Internationale Kannerkriibs-DagMir hunn eng jonk Patientin bei hirem erfollegräichen Traitement begleet

Ryck Thill
Sibila Lind
An Europa gëtt all Dag bei 100 Kanner Kriibs diagnostizéiert.
Internationale Kannerkriibs-Dag
Mir hunn eng jonk Patientin bei hirem erfollegräichen Traitement begleet

Wat bedeit et, wann dat eegent Kand eng liewensgeféierlech Kränkt kritt an iwwer laang Zäit schwéier Traitementer brauch? Fir een Documentaire am Kader vum Télévie huet eis Journalistin Sibilla Lind d’Constance begleet.

Am Juli 2025 krut d’Constance d’Diagnose. Déi 12 Joer jonk Patientin erënnert sech drun, datt d’Untersuchung am Spidol deen Dag 3 Stonne gedauert huet. D’Dokteren hu bei him eng Form vu Lymphdrüsen-Kriibs festgestallt. Zanter der Diagnos am Juli 2025 konnt d’Constance sengen Hobbyen net méi nogoen. Kee Reide méi a keng Course méi am Conservatoire.

Wärend dem Traitement huet d’Constance seng zwou kleng Schwësteren net däerfen an den Aarm huelen. Dat war fir déi jonk Patientin besonnesch batter. Ze grouss war de Risiko, datt seng Schwësteren hat mat enger Krankheet ugestach hätten. Dem Constance säin Immunsystem hätt dat eventuell net gepackt. “De Courage hunn ech wärend der Therapie awer ni verluer”, erkläert d’Constance. “D’Infirmièren, déi hei sinn, all d’Dokteren, meng Elteren, meng Schwësteren, d’ganz Famill, si ware wierklech fir mech do. Dat huet och vill gehollef. An ech wollt och positiv bleiwen a soen: ‘et ass bal fäerdeg, mir kréien dat hin’.”

Wärend senger Behandlung huet d’Constance weider un de Schoulcoursen deelgeholl. Iwwert en Tablett war hat mat sengem Klassesall verbonnen. Den 18. Dezember war den Traitement ofgeschloss. De 5. Januar no der Chrëschtvakanz konnt d’Constance nees an d’Schoul goen.

Déi kleng Patienten an hir Famillje gi wärend der schwéierer Zäit och net eleng gelooss. Et ginn Associatioun, déi d’Famillje begleeden an ënnerstëtzen. D’Constance krut Support vun “Een Häerz fir Kriibskrank Kanner”. Dës Associatioun begleet ronn 50 Familljen d’Joer no der Kriibsdiagnose.

Back to Top
CIM LOGO