Zäit schenkenBenevolle gesicht fir Zäit mat Demenzkranken ze verbréngen

Chris Meisch
Demenz ass ee vun den heefegste Grënn fir Einsamkeet an Ofhängegkeet am Alldag. Dowéinst sichen d’Agence du Benevolat, de Service Iris vun der Croix-Rouge an den Infozenter Demenz zesummen elo Benevollen, déi Zäit hunn, hir Zäit ze schenken.
Zäit ass e wäertvolle Kaddo fir Leit mat Demenz
© KATERYNA KON/SCIENCE PHOTO LIBRA/Science Photo Library via AFP

Benevolle gesicht fir Zäit mat Demenzkranken ze verbréngen

Zu Lëtzebuerg liewen antëscht méi wéi 9.200 Leit mat enger Demenz. Vill Betraffen zéie sech no hirer Diagnosen zeréck – aus Onsécherheet oder aus Schimmt. Dobäi ass et grad de soziale Kontakt, dee wichteg ass, fir d’Liewensqualitéit ze erhalen an d’Symptomer ofzeschwächen, sou d’Christine Dahm-Mathonet, Chargée de Direction am Infozenter Demenz.

“Eise Projet riicht sech u Leit mat Demenz am Ufanksstadium, an et geet virun allem drëms, dass déi Mënschen nach ëmmer kënnen Deel vun der Gesellschaft bleiwen, nach ëmmer Zäit fannen, fir eraus ze goen. Mir gesi ganz vill Clienten, ganz vill Familljen, déi heihi kommen, wou mir mierken, dass engersäits d‘Familljen iwwerfuerdert sinn, an dass och anersäits, déi Mënsche mat Demenz de Besoin hunn, wierklech wëllen Deel vun der Gesellschaft ze sinn. Do si si da ganz frou, wa si Persounen hunn, déi si dobäi begleeden.”

D’Croix-Rouge gesäit schonn zanter Joren, wéi vill gemeinsam Zäit ka bedeiten. Zanter 2012 forméiert hire “Service Iris” Fräiwëlleger, déi mat hirer reegelméisseger Presenz de Leit nees Freed a Liewensqualitéit zeréck an den Alldag bréngen. Si gi mat de Leit spadséieren, drénken zesumme Kaffi oder lauschteren einfach no. Et geet net ëm professionell Fleeg – et geet ëm Presenz, erkläert d‘Yanica Reichel, Responsabel vum Service.

“An där Formatioun léiert een, wat et heescht, Benevole bei engem Mënsch ze sinn, dee vill eleng ass. Natierlech maache mir dës Kéier och d’Thema Demenz dobäi. Dat heescht, Themen déi ganz wichteg sinn, ass d’Elengsinn, Kommunikatioun, wat ass den eelere Mënsch, wat fir eng Situatioune kann ee sech virstellen, wat ass eng écoute active, well et ganz oft genau dat ass, wat mir d’Leit froen, einfach do ze sinn, nozelauschteren, de Benevole mécht net vill, mee de Benevole ass einfach eng Presence.“

Den Ament schaffe ronn 90 Leit als Benevole beim “Service Iris” vun der Croix-Rouge. Fir datt nach méi Leit de Wee an déi sozial Aarbecht fannen, spillt och d’Agence du Bénévolat eng zentral Roll bei der Sensibiliséierung an der Vermëttlung vu Fräiwëlleger. De soziale Beräich géing, sou d’Anne Hoffmann, Chargée de Direction vun der Agence du Bénévolat, ëmmer méi wichteg ginn.

“An dofir denke mir och, dass et ganz wichteg ass, dass mir mat den Acteuren um Terrain nei Offeren ausschaffen, wou d‘Leit sech kënne sozial engagéieren a gläichzäiteg wësse mir och, dass mir eng Gesellschaft hunn, déi ëmmer méi al gëtt, dass net méi esou vill Zäit do ass, och vum Personal, wat sech an de Klinicken an de Cipaen ëm d’Mënsche këmmert. An all dat sinn esou kleng an einfach Aktivitéiten, déi vu Benevolle kënne gemaach ginn an dozou bäidroen, dass déi Leit een hunn, deen hinne kann Zäit schenken.“

Fir un der Formatioun deelzehuelen, muss ee volljäreg sinn, an zwou bis dräi Stonnen d‘Woch Zäit hunn. D‘Formatioun zitt sech iwwer 20 Stonnen, wou een herno nach ee Stage mat engem Benevole mécht, dee schonn um Terrain geschafft huet. Weider Informatioune stinn um Site vun der Croix-Rouge.

Back to Top
CIM LOGO