
Géint 15 Auer e Sonndegmëtteg ass et an engem Zuch zu Kautebaach op der Gare zu enger Kläpperei komm. Wéi d’Police op Nofro erkläert, hätte sech hei, éischten Informatiounen no, e puer Persounen an d’Hoer kritt. Wéi vill et der genee waren, ass aktuell nach net gewosst.
Den Zuch huet wéinst dem Tëschefall missen an der Gare stoe bleiwen an de Schaffner huet schliisslech d’Police geruff. Op der Plaz hunn d’Beamten eng Persoun ugetraff, déi elo zum Tëschefall befrot gëtt.
Blesséierter goufen et keng, allerdéngs gouf eng gliesen Dier bannen am Zuch beschiedegt.