
Well hien op engem Fest zu Bettenduerf Frae belästegt a sech och soss donieft beholl soll hunn, hunn d’Poliziste géint 2.30 Auer um Sonndeg de Moien e Mann matgeholl, deen ënner Drogen- an Alkoholafloss stoung. Hie gouf am Arrest ënnerbruecht.
An de leschte Stonne gouf nees uechter d’Land agebrach oder op d’mannst probéiert. E Samschdeg den Owend zum Beispill zu Bieles an der Garer Strooss. Do waren d’Brigangen awer un der Terrassendier gescheitert. Zu Lampech an der Rue du Ruissau haten Abriecher méi Reussite: Si waren am fréien Nomëtteg duerch eng Fënster an d’Haus geklommen an hu Bijoue matgoegelooss. Wéi ee sech géint Abriecher protegéiere kann, fann dir um Site vun der Police.