Meenungsfräiheet a Serbien an Ungarn"Mir sinn net do, fir instrumentaliséiert ze ginn", sou d'Alia

RTL Lëtzebuerg
De Medie-Regulateur Alia verdeedegt d'Meenungsfräiheet a Serbien an Ungarn.

D’Alia, de Lëtzebuerger Regulateur fir audiovisuell Medien, ass zoustänneg fir Medie-Contenuen ze kontrolléieren, déi vu Lëtzebuerg aus diffuséiert ginn. Ënnert anerem och a Serbien, wou de Mediegrupp Adrianews mat Sëtz zu Lëtzebuerg de Sender N1 diffuséiert. An an Ungarn, wou de Mediegrupp RTL mat de Sender RTL-Ketten an RTL+ present ass. Do huet d’Alia an deene leschten Deeg d’Meenungsfräiheet vun de Sender misse verdeedegen.

Alia verdeedegt Meenungsfräiheet a Serbien an Ungarn / Rep. Michèle Sinner

D’Alia hat dem Sender N1 a Serbien wuel e Blâme ginn. Dat wéinst enger Sendung, an där d’Dignitéit vun der serbescher Premierministerin Ana Brnabić verletzt gi war. Am Reportage iwwert d’Korruptioun a Serbien war si mam Tresorier vun engem Konzentratiounslager vun de Nazie verglach ginn, fir op hir Ontätegkeet hinzeweisen. “Dat, war e Feeler”, seet den Igor Božić, Produktiounsleeder vun N1. De Sender kontestéiert d’Decisioun vum Lëtzebuerger Regulateur net.

De Probleem ass, datt de serbesche Regulateur REM déi Decisioun iwwersetze gelooss huet, erkläert den Thierry Hoscheit, President vun der Alia.

Dat Dokument mat der serbescher Versioun, dat nach eise Logo drop geklaakt, eis Ënnerschrëften drop geklaakt an dat dann esou op hiren Internetsite gesat, dat ass deen ee Volet. Si hunn do de toutes pièces en Dokument kreéiert, dat ausgesäit, wéi wann et vun eis géif kommen, obschonns et guer net vun eis kënnt.

Si huet deemno e Faux-pas gemaach. Mä den nach méi grousse Problem wär awer de Communiqué, deen d’REM verdeelt huet: “Wou se eis Decisioun benotzen, fir dee Sender dann un de Pranger ze stellen, an dee bei hirer serbescher Populatioun dohinner ze stellen, wéi wann dat déi gréisste Gangster wären, a fir dann Oprou an hirer Populatioun ze schüren, géint dee Sender, wat awer warscheinlech nach ee vun deenen eenzege fräie Sender a Serbien ass, dee sech nach traut, iergendeppes géint de serbesche Pouvoir ze soen.”

Den Igor Božić, Produktiounsleeder vun N1, confirméiert dat a seet, der Alia hir Decisioun wier esouguer am serbesche Parlament zitéiert ginn, fir Propaganda géint de Sender ze maachen. “Si hu probéiert, N1 ze dämoniséieren als Sender, deen déi Lëtzebuerger Gesetzer brécht.” Den Igor Božić seet, de Sender géif déi serbesch Regulatioun strikt anhalen a wier esou professionell ewéi méiglech. Mä, “op der aner Säit hu mer wéi eng Zort Boykott vun der Regierungspartei an hire Koalitiounspartner. Si refuséiere fir Interviewen an eis Studioen ze kommen.” Et wier dofir schwiereg fir de Sender, fir déi Klack ze héieren, wa si hir Aarbecht wëlle maachen.

N1 hätt ouni Explikatioun eng Lizenz fir d’Diffusioun iwwert de ganze serbesche Territoire refuséiert kritt. De Sender hätt vun Ufank u Probleemer gehat, well en net op der Linn vun der Regierung wier, erkläert de Produktiounsleeder. Mat der Decisioun vun der Alia wier de Sender lo als “staatsfeindlech” duergestallt ginn, och a regierungstreie Medien.

Mir sinn net do, fir datt d’Serben hir Politik kënnen duerchdrécken, national

Den Thierry Hoscheit ass méi explizitt, wat d’Probleemer am Alldag ugeet: “Iwwer Adrianews kréie mir eng Rei Informatiounen iwwer dat, wat a Serbien geschitt. An do falen da verschidde Saache vir, wou hir Journaliste physesch menacéiert ginn. Wou hir Sendezentral demoléiert gëtt, wou iergendwellech rietspolitesch Parteie Mediecampagnë maache géint si. An dat gëtt ebe sou e konstanten Drock, eng konstant Angschtatmosphäre, wou ee gutt kann novollzéien, datt e Journalist, dee sech permanent deem Risiko ausgesat gesäit, iergendwann eng Kéier keng fräi Reportagë méi mécht, well e fäert, wann elo eppes Kritesches seet, seng Pneuen duerchgestach sinn, oder soss eppes geschitt.”

“Dozou muss een da wëssen”, erkläert de President vun der Alia, “datt déi REM zu engem groussen Deel vu Leit besat ass, déi op de Pouvoir politique a Serbien lauschteren, déi deene follegen.”

D’REM ass dowéinst och vun der politescher Oppositioun kontestéiert. Zanterdeem et virun e puer Woche bannent zwee Deeg zwou Masseschéissereie mat jugendlechen Täter gouf, ginn et reegelméisseg Massendemonstratiounen zu Belgrad, fir vun der Regierung méi Sécherheet ze fuerderen. An e Verbuet vu Mediecontenuen, déi Gewalt weisen. Do ass d’REM an der Responsabilitéit an d’Demonstranten an Demonstrantinne fuerderen de Récktrëtt vun der REM hire Memberen.

Am Fall vun N1, esou den Thierry Hoscheit, “benotze se also eis Decisioun, fir Drock auszeüben op dee Sender, an et ass do, wou mir da relativ queesch reagéieren a soen: ‘Mir sinn net do, fir datt d’Serben do hir Politik kënnen duerchdrécken, national.’ An dowéinst hu mer dann dee Communiqué gemaach.”

D’Alia géif awer géigeniwwer de Sender, déi si kontrolléiert, “eng Responsabilitéit verspieren, fir deenen hir Liberté d’expression ze beschützen.”

Eng Plainte wéinst dem Faux wäert d’Alia éischter net maachen. Dee wier a Serbien geschitt an eng Plainte a Serbien hätt wuel kaum Aussiichten op Succès, sou den Thierry Hoscheit.

Konstruéiert Dossieren aus Ungarn

D’Alia kritt awer och mat, wéi grouss den Drock op d’Sender an Ungarn ass. Den Thierry Hoscheit seet: “Mir kréie méi oft, wéi aus Serbien Dossiere vun eisem ungareschen Homolog geschéckt, wou dee sech beklot, datt deen een oder anere Contenu diskussiounswürdeg ass, wou se ganz oft och Recht hunn. Oft sinn dat esou ‘Big brother'-Formater, déi net just grenzwäerteg sinn, mä iwwert d’Grenzen eraus ginn. Mä do hu mer awer och scho festgestallt, dat ass eng Decisioun, déi ass scho relativ al, do hu mer relativ kloer dra geschriwwen : ’Dir hutt hei en Dossier konstruéiert. Dat gesäit een, datt dat e Fake ass. Dat huele mer net un.”

Déi lescht Woch huet d’Alia och e Versuch vum ungaresche Medieregulateur NMHH ofgewiert, iwwert de Wee vun der europäescher Direktiv iwwert déi audiovisuell Medien, d’Zoustännegkeet vun der Alia auszehiewen. Déi Direktiv gesäit zwar vir, datt am Prinzip de Regulateur vum Ursprongsland – dat ass am Fall vun RTL Lëtzebuerg – zoustänneg ass, fir d’Contenuen ze kontrolléieren. Mä all Land ka besonnesch Reegelen am Interêt public definéieren, op déi dann och de Regulateur am Ursprongsland d’Sendere misst opmierksam maachen. “An dësem Fall”, seet awer de President vun der Alia, “hunn eis ungaresch Kolleegen sou Saache geschéckt, andeems datt se gesot hunn: ‘Schlot lo mol eng Kéier fest dran, gitt deenen eng Strof a verbitt esouguer hir Diffusioun’.”

Dat wier awer net de richtege Wee, huet d’Alia elo decidéiert. Déi europäesch Prozedur wier net als Grondlag geduecht, fir Sanktiounen ze huelen. D’autant plus, esou den Thierry Hoscheit, datt bei esou enger Prozedur automatesch déi Europäesch Kommissioun informéiert gëtt. “Dat ass an eisen Aen nach emol en Détournement de procédure, fir eis zu eppes ze forcéieren, wat awer net am Kader vun der europäescher Direktiv ass.”

Dobäi schléisst den Thierry Hoscheit net aus, datt et Problemer mat de genannte Programmer ginn. Déi wäert d’Alia awer am Kader vun hiren normale Prozedure iwwerpréiwen, no der Lëtzebuerger Gesetzgebung.

Bis elo, seet de President vun der Alia, hätt den ungaresche Regulateur nach keen Dossier op Basis vun de ungaresche Gesetzer eraginn, déi verbidden, Membere vun der “LGBTQI+"-Communautéit ze weisen. Gesetzer, wéinst deenen d’EU-Kommissioun Ungarn viru Gericht geholl huet. “Mä et ass méiglech, datt de (Regulateur, d’Redaktioun) och iergendwa géint Programm-Elementer vun RTL (an Ungarn, d’Redaktioun) virgeet andeems e seet: ‘do si lesbesch oder schwul Personnagë presentéiert ginn. An dat däerf net sinn, ënnert eisem Gesetz’.”

LINK: Stellungnam REM zu Alia Decisioun
Stellungnahm Alia iwwert REM:

Back to Top
CIM LOGO