Fir déi nächst Hëtztwell soll nogebessert ginn"Mir ware bei de Gebailechkeeten net gutt genuch opgestallt", sou d'Ministesch Martine Deprez

RTL Lëtzebuerg
Déi extrem Hëtztwell mat Temperature bis souguer 40 Grad Celsius huet de Lëtzebuerger Gesondheetssystem rezent virun eng grouss Erausfuerderung gestallt.

Och wann d'Spideeler an d'Fleegeheemer déi rezent Hëtztwell insgesamt gutt gepackt hätten, wier kloer ginn: Besonnesch bei den Infrastrukture gëtt et Handlungsbedarf. Dat sot d'Gesondheetsministesch Martine Deprez am RTL-Interview no den éischten Debriefe mat de Spideeler an der Santésdirektioun.

"Do wou mer net esou gutt opgestallt sinn, ass an de Gebailechkeeten", esou d'Ministesch. "Mir sinn elo amgaangen, en Inventaire ze maachen." D'Spideeler schaffen zesumme mat der Santésdirektioun un enger Lëscht u Besoinen.

"Besonnesch op den ieweschte Stäck vun de Spideeler, do wou den Daach net richteg isoléiert ass oder d'Sonn duerch d'Fënstere kënnt, musse Sonneschutzschëlder opgestallt ginn a Klimaanlage kaf ginn", erkläert d'Martine Deprez.

Kuerzfristeg sicht de Ministère elo no mobillen Apparater, déi, ofhängeg vun der Disponibilitéit um Marché, nach virun der nächster Hëtztwell installéiert kéinte ginn. Parallel dozou soll mëttel- a laangfristeg all Spidol iwwerpréift ginn.

"Mir wäerten déi néideg Suen investéieren, fir datt souwuel Patient wéi och Personal a gesonde Konditioune kënne fonctionéieren", versprécht d'Ministesch. D'Regierung géif sech dobäi op den nationale Klima-Resilienzplang stäipen, dee virgesäit, datt ëffentlech Gebaier besser géint extrem Wiederlagen equipéiert ginn. An deem Kontext wier och den néidege Budget fir Investitiounen do.

Och Fleegeheemer a Schoule concernéiert

Net nëmme Spideeler si betraff. Och Altersheemer, Flüchtlingsstrukturen a Schoule stinn elo am Fokus. Der Gesondheetsministesch no wier d'Thema schonn am Regierungsrot diskutéiert ginn. Besonnesch bei eelere Gebaier misst gekuckt ginn, wou weider equipéiert misst ginn.

Bei Neibauten am Schoulsecteur wier een awer schonn däitlech besser preparéiert. Hei géifen d'Gemengen zesumme mam Staat analyséieren, wéi eng Raim besonnesch sensibel op Hëtzt reagéieren.

Verlängert Struktur-Ëffnungszäite fir Sans-abrien

Eng aner grouss Erausfuerderung wärend der Canicule war de Schutz vun de Sans-abrien. Zesumme mam Familljeministère wieren d'ASBLen an d'Strukture fir Sans-abrie séier mobiliséiert ginn, heescht et vun Ministesch Martine Deprez. "Mir hunn all eis ASBLe kontaktéiert: Kënnt der méi laang opmaachen? Kënnt der Waasser zur Verfügung stellen? Kënnt der Plazen ausweisen, wou Schied ass?"

Fir déi nächst grouss Hëtztwell géifen elo och nees verlängert Ëffnungszäiten envisagéiert ginn.

Appell un d'Gemengen, vulnerabel Leit ze identifizéieren

D'Regierung rifft och d'Gemengen dozou op, sech méi aktiv ëm vulnerabel Persounen an hire Gemengen ze këmmeren. Hei ass et den Appell, datt sech méi Leit fir de "Plan Canicule" umelle sollen. De System erlaabt et, eleng oder vulnerabel Persounen am Fall vun enger extremer Hëtztwell geziilt ze kontaktéieren.

Keng national Krisecellule aktivéiert

Kritik gouf et no der Hëtztwell vun der Oppositioun, well keng national Krisecellule aberuff gouf. D'Ministesch verdeedegt dës Decisioun awer. D'Situatioun virun enger gudder Woch hätt ni den Niveau vun enger nationaler Kris erreecht.

"D'Kommunikatioun an dëser Cellule huet ëmmer funktionéiert. D'Risike sinn evaluéiert ginn. Eis Spideeler waren ni iwwerbelaascht. Mir haten ëmmer e minimum vun 200 Better fräi", esou d'Ministesch. Och wann eenzel Urgencen temporär méi belaascht gewiescht wieren, wier d'Versuergung zu all Moment garantéiert gewiescht.

Keng Unzeeche vu Surmortalitéit

D'Weltgesondheetsorganisatioun hat no der Canicule viru méiglechen zousätzlechen Doudesfäll duerch d'Hëtzt gewarnt. Zu Lëtzebuerg géifen déi éischt Donnéeën awer éischter berouegen.

"Éischt Indicatioune loossen drop schléissen, datt mer net wierklech eng Surmortalitéit haten", erkläert d'Martine Deprez. Ob et awer zu méi Hospitalisatioune komm wier, misst nach gekläert ginn. Definitiv Conclusioune kéinten eréischt an den nächste Woche gezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO