250. US-OnofhängegkeetsdagPresident Donald Trump warnt a senger Ried virun Iwwernam duerch "Kommunisten"

AFP, iwwersat vun RTL
A senger Ried zum 250. Bestoe vun den USA huet de President Donald Trump virun der Gefor vun enger angeeblecher Iwwernam vum Land duerch "Kommuniste" gewarnt.
In seiner Rede zum 250-jährigen Bestehen der USA hat Präsident Donald Trump vor einer angeblich drohenden Übernahme des Landes durch "Kommunisten" gewarnt.
© AFP

D'Land géif de 4. Juli "den Triumph vun der Fräiheet iwwer d'Tyrannei" feieren, esou den Trump e Samschdegowend zu Washington D.C.. D'Amerikaner géife sech hir Fräiheet net fort huele loossen. "Mir wëlle keng Kommunisten an eisem Land", esou de President.

Den Trump hat virun dausende vu senge Supportere geschwat, déi, wéi scho bei senge Walkampfoptrëtter "USA, USA", geruff hunn. Schonn den Owend virdrun, bei enger Ried virum Nationaldenkmal Mount Rushmore hat de President virun enger angeeblecher "kommunistescher Menace" an den USA gewarnt, als Uspillung op rezent Walvictoirë vu lénksgeriichte Politiker vun der Demokratescher Partei.

Déi oppositionell Demokrate reprochéieren dem Donald Trump, d'Festivitéite vum 250. US-Onofhängegkeetsdag fir parteipolitesch Zwecker ze mëssbrauchen an d'Land domat weider ze splécken. A knapp véier Méint si jo déi sougenannt "Midterms" also déi wichteg Tëschewale fir de Kongress.

Wéinst engem Donnerwieder war dem US-President seng Ried eng gutt Stonn méi spéit ugaangen. Déi ofgespaart Nationalpromenad (National Mall) am Zentrum vu Washington D.C. huet dowéinst temporär mussen evakuéiert ginn. No der Ried gouf et e massiivt Freedefeier mat ronn 850.000 Knupperten, dem Trump no dat "gréisste Freedefeier vun der Welt".

Aschränkunge bei de pompös annoncéierte Festivitéite gouf et awer och: Eng schwéier Hëtztwell am Oste vum Land huet dofir gesuergt, datt eng Rei Evenementer hu mussen annuléiert ginn.

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO