Wolodymyr Selenskyj"Mir wëlle bleiwe wat mir sinn"

Pierre Jans
Claude Zeimetz
Pierre Weimerskirch
Den ukrainesche President huet sech mat dësem Vers aus dem Feierwon an der Chamber un d'Lëtzebuerger Vollek geriicht.
REPLAY: Ried vum ukrainesche President Selenskyj
Et war déi éischte Kéier, dass d’Parlament e Staatschef vun engem Land, dat am Krich ass, empfaangen huet. De Selenskyj war iwwer Video bäigeschalt.

Et war déi éischte Kéier, dass d’Parlament e Staatschef vun engem Land, dat am Krich ass, empfaangen huet. De Selenskyj war iwwer Video bäigeschalt.

Ukrainesche President hält virtuell Ried an der Chamber

Hien huet sech dankbar fir d’Ënnerstëtzung aus dem Grand-Duché gewisen awer och widderholl, dass säi Land am Kampf géint d’russesch Truppe méi Waffe bréicht.

Den ukrainesche President fuerdert weider Sanktioune géint Russland. D’EU misst elo schonn ufänken e 7. Pak ze preparéieren. Russesch Suen, déi an Europa agefruer sinn, misste fir den Neesopbau vun der Ukrain deblockéiert ginn.

De Wolodymyr Selenskyj huet d’Lëtzebuerger Regierung opgeruff sech staark ze maachen, fir en EU-Bäitrëtt vun der Ukrain.

Iwwerdeems huet hien de Chamberpresident Fernand Etgen an de Premierminister Xavier Bettel op Kiew invitéiert.

No senger Ried gouf et Standing Ovations fir den ukrainesche President, dee betount huet, dëse Krich wär decisiv fir Europa a seng Valeuren.

Déi ukrainesch Vize-Ausseministesch Emine Dschaparowa war op der Tribün an der Chamber grad ewéi eng grouss ukrainesch Delegatioun a vill Diplomaten.

Ried vum ukrainesche President an der Chamber
Per Video-Konferenz huet sech de Selenskyj un d’Lëtzebuerger Chamber geriicht an de Lëtzebuerger Premier huet him drop geäntwert.

Ried vum Lëtzebuerger Premier

Net grad 13 Minutten hat d’Ried vum Invité gedauert. De Premier Xavier Bettel huet a senger 17 Minutte laanger Äntwert ëmmer nees betount, dass d’Ukrain op Lëtzebuerg ziele kéint.

Proportional gesinn, géif de Grand-Duché zu deene Länner gehéieren, déi am meeschten hëllefen – finanziell mä och wat den Accueil vun ukrainesche Refugiéeën ugeet. Ronn 5.500 UkrainerInne wäre bis elo hei ënner komm.

D’Regierung wär och bereet weider militärescht Equipement a Waffen an d’Ukrain ze liwweren.

Weider Sanktioune géint Russland géif een ënnerstëtzen. De Xavier Bettel huet dem President Selenskyj zougeséchert, den ungaresche President Viktor Orban scho kontaktéiert ze hunn, well Ungarn aktuell de 6. EU-Sanktiounspak blockéiert.

„De Fridden huet e Präis fir eis all“, sot de Premierminister. „Alles wat mir aktuell verléieren si Suen, dir verléiert Mënscheliewen“, esou säi Message un den ukrainesche President.

An der Fro ronderëm e méiglechen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain huet de Xavier Bettel sech méi nuancéiert ausgedréckt. Mat 27 Memberstaate wär et schwéier en Accord ze fannen. Iwwerdeems schafft d’EU-Kommissioun nach un engem Avis. Sollt déi Konditioune virginn, ënnert deenen d’Ukrain de Statut als Bäitrëttskandidat kéint kréien, géif Lëtzebuerg alles maachen, fir dem Land dobäi ze hëllefen, déi Konditiounen esou séier ewéi méiglech z’erfëllen, huet de Xavier Bettel zougeséchert. Mat der Ausso, dass eng Kandidatur awer nach kee Bäitrëtt ass, huet hie seng Zouversiicht nees relativéiert.

De Xavier Bettel huet de President Selenskyj dozou opgeruff, och mat de politesche Responsabelen aus afrikaneschen a südamerikanesche Staaten ze schwätzen. Wéinst der Menace vun enger duerch den Ukrainkrich provozéierter Hongersnout a ville méi aarme Länner, wär dat wichteg fir keng Alliéierter u Russland ze verléieren.

De Kreml géif senges Wëssens nämlech elo schonn en Narrativ etabléieren, eng alimentaire Kris wär der EU hir Schold.

De Xavier Bettel huet dem ukrainesche President seng Bereetschaft erkläert, sech z’engagéieren, am Fall wou de Selenskyj sech diplomatesch Negociatioune mam Kreml virstelle kéint.

REPLAY: D'Riede vum F. Etgen, W. Selenskyj a X. Bettel
En Donneschdeg de Moie war den ukrainesche Staatschef live via Videokonferenz an der Chamber bäigeschalt.

Debatten am Uschloss un d’Rieden

Selenskyj-Ried: Reaktioune vu Politiker an Ukrainer
Virun der Chamber hate sech eng jett Ukrainer, déi am Grand-Duché liewen, versammelt, fir hire President ze ënnerstëtzten.

Eng ganz breet Majoritéit vun den Deputéierten huet sech duerno uschléissend, och via eng Motioun, fir eng weider Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ausgeschwat, och mat schwéiere Waffen, an andeems d’Ukrain op hirem Wee an d’EU begleet an d’Embargoen géintiwwer Russland weider oprecht erhale bleiwen. Bedauert gouf, datt déi grouss Eenegkeet ze Lescht duerch de Blockage vun Ungarn ugefaangen huet ze bréckelen. An deem Kontext sot sech de Staatsminister wéineg optimistesch, datt et jee zu engem Gas-Embargo an Europa kënnt.

Chamberdebatten no der Interventioun / Claude Zeimet

Eist eenzegt Zil muss sinn, fir ze kucken, datt d‘Ukrain de Krich gewënnt, huet den CSV-Deputéierten Claude Wiseler betount. De Putin gewanne loossen, wier geféierlech. Stäerkt an Eenheet weise wier dat eenzegt wat elo zielt.

Priméiert eise Komfort oder de Weltfridden? Dës rhetoresch Fro huet de Gusty Graas vun der DP formuléiert, fir ze betounen, international Hëllef wier méi wéi wichteg. Et misst och elo schonn un engem neie “Marschall-Plang” geschafft ginn, deen den Neesopbau vun der Ukrain finanzéiert. Am Ëmgang mat Russland wier een an der Vergaangenheet heiansdo «blauäugeg» gewiescht, sou nach de Liberalen.

Dem President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, dem LSAP-Deputéierten Yves Cruchten no, wier et elo net de Moment fir d’Analyse ze maachen, wat mer am Ëmgang mat Russland falsch gemaach hunn. Dee Moment géif awer kommen, an et missten nei Standarde kommen, ënnert wéi enge Konditioune Lëtzebuerg Geschäfter mat anere Länner mécht.

D’Motioun um Enn vun der Debatt ass nieft de Majoritéitsparteien och vun der CSV an de Piraten matgedroe ginn.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser sengersäits huet den Accent a senger Ried éischter op d’Wichtegkeet vu Friddensverhandlunge geluecht. Et misst elo och schonn un eng national Reconciliatioun an der Ukrain geduecht ginn. Si als ADR wéilten och keng Rezessioun a Westeuropa, wa Sanktioune géint Russland de Krich souwisou net op en Enn bréngen.

Och d’Deputéiert vun déi Lénk huet op Friddensverhandlunge gepocht. Déi Perspektiv géif den Ament awer feelen. Donieft huet d‘Nathalie Oberweis sech vum «Narrativ» distanzéiert am Krich an der Ukrain géif e gëeente Westen dem autokratesche Russland géintiwwer stoen. Vill méi huet d’Oppositiounsdeputéiert Sécherheetsgarantië fir Russland gefrot.

Back to Top
CIM LOGO