Decisioun am Regierungsrot, Petitioun steetMonument zu Éiere vum verstuerwene Grand-Duc Jean

RTL Lëtzebuerg
Am Regierungsrot gouf e Mëttwoch decidéiert, datt de verstuerwene Grand-Duc Jean ee Monument kritt. Déi éischt Preparative goufe lancéiert.
© RTL (Archiv)

D'Regierung gëtt méi spéit Detailer.

De Comité Alstad hat an enger Petitioun fir eng Statue fir de Grand-Duc Jean um Fëschmaart plädéiert. Eng Petitioun déi e Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun och ugeholl gouf.

Vun e Freideg un, bis nach de 28. Juni kann een dës Petitioun um Site vun der Chamber ënnerschreiwen.

RTL-Artikel: Comité Alstad freet: E Monument fir de Grand-Duc Jean um Fëschmaart

Back to Top
CIM LOGO