
En Donneschdeg am Nomëtte gouf et en Accident op der N12, tëscht Bitscht a Wolz. E Motocyclist ass do gefall.
De Rettungshelikopter war op der Plaz.
En Donneschdeg géint 15.45 koum et dann zu Leideleng zu engem weideren Accident, hei gouf et eng Kollisioun tëscht 3 Autoen. Et gouf zwee Blesséierter.