Veronséchert Verbraucher wéinst StroumpräisserMouvement Ecologique fuerdert geziilt Reaktiounen an Informatiounen

Diana Hoffmann
Vill Verbraucher wiere Veronséchert, wat d'Entwécklung vum Stroumpräis ugeet, seet de Mouvement Ecologique. Dëst stéing der Energietransitioun am Wee.
© Diana Hoffmann

Mouveco iwwer Energietransitioun / Reportage Diana Hoffmann

Et géing elo gëllen, de Kader ze setzen, fir dass d’Leit, awer och d’Ekonomie d’Vertrauen an déi politesch Entscheedungsprozesser net verléieren, an ëmmer nach bereet wieren, mat op de Wee vun der Energietransitioun ze goen. Also sech och weiderhi fir zum Beispill Wärmepompelen an d’E-Mobilitéit interesséieren. “Mir brauchen eng Gesamtstrategie, déi mer an dësem Ausmooss net erkennen”, huet d’Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber betount.

Den Ament géingen déi erneierbar Energien nach e präisleche Virdeel bidden, well se méi bëlleg sinn, wéi fossil Energien. Ma d’Veronsécherung wier grouss. D’Präisser fir de Stroum aus ëffentleche Bornë fir Elektroautoe sinn ëm d’Hallschent eropgaangen, de Stroumpräisdeckel soll 2026 an d’Luucht goen, sou dass Stroum méi deier wäert ginn. Et géing also de Risk bestoen, dass de Präisvirdeel vu Stroum aus erneierbaren Energië géigeniwwer fossillen Energien ewechfält. Hei misst onbedéngt en Differenziell tëscht de Präisser bäibehale ginn, betount d’Blanche Weber.

En zentrale Punkt wier d’Stroumpräisgestaltung

E Kärelement vun der Energietransitioun wier, dass d’Elektrifizéierung misst weidergedriwwe ginn. Der Creos no wiere fir d’Héichspannungsnetz auszebauen, bis 2034, Investitiounen an Héicht vun 350 Milliounen Euro néideg. Dono wiere geschat Investitiounen tëscht 100 an 145 Milliounen Euro am Joer an d’Verdeelungsnetz néideg. Käschten, déi an d’Netzkäschte géingen agespeist ginn.

De Mouvement Ecologique fuerdert, dass de Staat e méi héijen Undeel vun der Investitioun vum Ausbau vum Stroumnetz direkt iwwerhëlt. “Dass et eng méi staark ëffentlech Bedeelegung bei den Netzkäschte gëtt”, präziséiert de Marc Krier, Responsabel fir Klima- an Energiefroe beim Mouvement Ecologique. Sou kéint d’Augmentatioun vum Elektreschpräis reduzéiert ginn an den Endverbraucher entlaascht ginn. Dëst wier méi sënnvoll a méi nohalteg wéi eng Stroumpräisdeckelung, deen näischt un der struktureller Manéier, wéi d’Stroumnetz funktionéiert, ännere géing.

De Leit Planungssécherheet bei der CO2-Steier ginn

E weidere Punkt concernéiert dann d’CO2-Steier. Vun 2030 u wäert déi Europäesch Unioun en neien EU-Emissiounshandel aféieren (ETS2), deen och d’Gebaier an d’Mobilitéit betrëfft. Den europäeschen CO2-Präis wäert da geschat tëscht 200 an 300 Euro d’Tonn leien. “E Fakt ass, dass déi fossil Energië méi deier wäerte ginn”, sou de Marc Krier. Wa Lëtzebuerg seng CO2-Steier bis dohinner net graduell eropsetzt, kéim et zu engem Präisschock, mengt de Mouvement Ecologique. A véier Joer wier da mat enger Erhéijung vu 45 Euro pro Tonn CO2 op 200 bis 300 Euro pro Tonn ze rechnen. E Fait, deen d’Bevëlkerung méiglecherweis net géing hinhuelen.

Fir Planungssécherheet ze ginn, wier et wichteg, d’Augmentatioun vun der nationaler CO2-Steier bis 2030 festzeleeën. “Dat ass fir eis e Punkt, dass do net gewaart gëtt, mee dass dat esou séier wéi méiglech kloer ass fir jiddereen an der Gesellschaft an, dass jidderee sech kann upassen”, betount de Marc Krier.

Eng sozialgerecht Transitioun gëtt gefuerdert

Och déi finanzschwaach Stéit solle matgeholl ginn. “Et sinn eng Rei gutt Moossname getraff ginn, mais il y a encore du pain sur la planche”, ënnersträicht d’Presidentin vum Mouvement Ecologique. Eng Remark ass hei zum Beispill, dass net jidderee Proprietär ass. Locatairë sinn de Präisentwécklungen an der Reegel ausgeliwwert a kënnen och net vu bestëmmte Subventioune profitéieren, wéi zum Beispill den Abau vun enger Solaranlag. Dëst wier bekannt, an trotzdeem hätt een net den Androck, dass d’Efforte fir jidderee matzehuelen, schonn esou wiere wéi se sollten, seet d’Blanche Weber.

De Staat an d’Gemenge misste sech dann och méi an der Präisgestaltung mat abréngen, fir de Kader fir d’Energietransitioun ze setzen. Nieft enger Partie vun Instrumenter, wéi eng Fërderung vu Renovéierungen oder der Vereinfachung vun de Prozedure beim Ausbau vun erneierbaren Energien, wiere weider Moossname méiglech. “Et ass zum Beispill net ëmmer sënnvoll, dass jiddereen eng eege Wärmepompel mécht”, betount d’Blanche Weber. Mee d’Plange vum Wäermenetz an de Gemenge misst virugedriwwe ginn, soudass sech kéint un en ëffentlecht Netz ugeschloss ginn. Lëtzebuerg géing hei der Entwécklung “hannendrun hippen”. D’Plange vun engem Wäermenetz misst eng vun de Prioritéite vum Energieministère, sou wéi och vun de Gemenge sinn.

E weidere Punkt, dee wichteg wier, wier eng séier Vereenheetlechung vun den Normen, ënner anerem fir d’Ariichte vu Wäermepompelen a Solaranlagen.

Um Schluss vun der Pressekonferenz e Freiden huet et da geheescht, dass wie Leit motivéiere wéilt, bei der Energietransitioun matzemaachen, och misst dofir suergen, dass se informéiert sinn. Dofir fuerdert de Mouvement Ecologique eng breet Informatiounscampagne, déi iwwer e bestëmmten Zäitraum soll duerchgefouert ginn. Hei misst kloer ginn, wéi eng Netzgestaltung den Eenzele jeeweils brauch.

Back to Top
CIM LOGO