
Ronn 1 Millioun ginn zur Dispositioun gestallt, fir d’Stéit ze subventionéieren, déi mat Pellets heizen. Wéi genee dës finanziell Kompensatioun awer ausgesäit, gouf nach ëmmer net mat gedeelt. Och op eng entspriechend parlamentaresch Nofro vun der LSAP huet den Energieminister Turmes keng konkret Äntwert ginn, obwuel den Tripartitesaccord ewell den 28. September signéiert gouf.
Aus dem Energieministère heescht et, datt een aktuell amgaang wier, d’Pellets-Subventiounen auszeschaffen. Et wier awer en extrem komplizéierten Dossier wéinst dem juristesche Volet an der Kontroll vun deem, wat finanziell ënnerstëtzt gëtt.
Kloer ass fir de grénge Minister awer: wie mat Holz hëtzt, kann net op eng Subventioun zielen. Dës Verkeef wieren nämlech net ze kontrolléieren.
Par contre soll et och eng spezifesch Hëllef gi fir Stéit, déi un e kollektiven Heiz-Reseau ugeschloss sinn.