
A fënnef Méint sinn zu Lëtzebuerg Gemengewalen. All sechs Joer sinn d’Leit am Grand-Duché opgeruff, hir politesch Vertrieder op kommunalem Niveau nei ze bestëmmen. Den 11. Juni wäert dat an 102 Gemengen de Fall sinn, och wann et der dono “just” nach 100 wäerte sinn. Am Ganze sinn 1.121 Mandater ze verginn.
Firwat sinn d’Gemengewale wichteg?
D’Gemenge sinn déi klengste administrativ Entitéit zu Lëtzebuerg an domat am noosten un de Bierger. An der Verfassung ass d’Autonomie vun de Gemenge festgeschriwwen. Si sinn och eng Personnalité juridique. Zu hire Missioune gehéiert, de Patrimoine communal ze geréieren. Si mussen ee Policereglement opstellen, fir den Ordre public ze garantéieren. Si sinn och zoustänneg fir d’Versuergung mat Drénkwaasser an den Traitement vum Ofwaasser., nieft der Gestioun vum Dreck, déi och zu hiren Aufgabe gehéiert. Des Weidere sinn d’Gemengen derfir responsabel, d’Gemengestroossen an der Rei ze halen, si këmmere sech ëm d’Organisatioun vum Enseignement fondamental, den Etat civil, d’Assistance sociale an d’Begriefnesser souwéi den Ënnerhalt vun de Kierfechter. Doriwwer eraus kënne Gemengen hire Bierger och nach weider Servicer ubidden, beispillsweis an de Beräicher Sport, Kultur an Tourismus. Si kënne sech och un der Versuergung vu Persounegruppe mat spezifesche Besoine, wéi jonk oder eeler Leit, bedeelegen. Bei de Walen hunn d’Wieler direkten Afloss dorobber, wien an deene Beräicher Decisiounen huele kann.Wien ass vun de Gemengewale betraff?
Wéi bei de Chamberwale gëllt Walflicht fir all déi Persounen, déi am Wielerverzeechnes agedroe sinn. Ausgeholl si Leit, déi op mannst 75 Joer al sinn oder Leit, déi noweise kënnen, datt se verhënnert sinn. Wien dës Krittären net erfëllt an awer net wiele geet, muss op mannst theoretesch mat enger Geldstrof rechnen. Et ass och méiglech iwwer myguichet.lu Bréifwal unzefroen, dat vum 20. Mäerz bis de 17. Mee. Fir Leit, déi am Ausland wunnen, gëllen deelweis aner Fristen. Persounen, déi net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, dierfen och wiele goen, egal ob se aus engem EU-Land kommen oder net. Et gëtt och keng Residenzklausel méi, dat heescht, et ass egal, wéi laang een Auslänner am Grand-Duché wunnt. Et muss ee sech allerdéngs an d’Wielerlëschten androen. D’Frist leeft bis de 55. Dag virun de Walen. Et kann ee sech also bis de 17. Abrëll um 17 Auer als Wieler androen. De 44. Dag virun de Wale ginn d’Lëschten dann definitiv zougemaach. Fir sech als Kandidat opsetzen ze kënnen, muss eng Persoun iwwerdeems op mannst sechs Méint an där Gemeng gewunnt hunn.
Vu wat hänkt d’Zuel vun de Gemengeconseilleren of?
Wéi vill Vertrieder een an de Gemengerot wiele kann, hänkt vun der Awunnerzuel vun der Gemeng of. Gemenge mat bis zu 999 Awunner hu 7 Conseilleren, tëscht 1.000 an 2.999 Awunner sinn et der 9, bei 3.000 bis 5.999 Awunner sinn et der 11, bei 6.000 bis 9.999 Awunner sinn et der 13, bei 10.000 bis 14.999 sinn et der 15, bei 15.000 bis 19.999 Awunner sinn et der 17 a bei méi wéi 20.000 Awunner sinn et der 19. Eenzeg Ausnam ass d’Stad Lëtzebuerg, wou 27 Conseilleren am Gemengerot sëtzen. Wärend et a 85 Gemengen 2 Schäffe gëtt, sinn et an 10 Gemengen 3, a 4 Gemenge 4 an d’Stad Lëtzebuerg huet der esouguer 6.
Wat huet et mat deenen zwee verschiddene Walsystemer op sech?
Op kommunalem Niveau gëtt entweder no Majorz- oder no Proporzsystem gewielt. Huet eng Gemeng manner wéi 3.000 Awunner, presentéiere sech eenzel Persounen dem Wieler. Vun 3.000 Awunner u kommen d’Parteien an d’Spill. Dëst Joer wiessele sechs Gemenge vum Majorz- an de Proporzsystem well hir Awunnerzuel op iwwer 3.000 geklommen ass. Et sinn dat: Beefort, Bettenduerf, Esch-Sauer, Lëntgen, Réiden op der Atert a Wuermer. Bei véier Gemenge lafen iwwerdeems d’Iwwergangsbestëmmungen, déi am jeeweilege Fusiounsgesetz ageschriwwe waren, aus. Hei sinn d’Gemengen Helperknapp, Parc Housen, Rouspert-Mompech a Schengen betraff. Dat féiert derzou, datt et fir déi éischte Kéier méi Proporz- wéi Majorzgemenge gëtt. A 56 Gemenge gi Parteie gewielt, an deenen anere 46 eenzel Kandidaten.
Wéi eng Gemenge fusionéieren no de Walen?
No de Wale wäert Lëtzebuerg zwou Gemenge manner hunn. Well et zu zwou Fusiounen tëscht jee zwou Gemenge kënnt, geet d’Zuel vun 102 op 100 erof. Wärend am Bezierk Norde Groussbus a Wal fusionéieren, ginn am Bezierk Oste Bous a Waldbriedemes zesummen. Trotzdeem gëtt a sechs Méint nach an 102 Gemenge gewielt. De Gemengerot vun der Fusiounsgemeng Groussbus-Wal wäert an der Iwwergangsphase bis 2029 aus zwielef Gemengeconseillere bestoen, jee sechs aus der Sektioun Groussbus a sechs aus der Sektioun Wal. Am Schäfferot wäerte véier Persoune setzen, jee zwee aus all Sektioun. Déi zwee aktuell Buergermeeschtere Paul Engel (Groussbus) a Christiane Thommes-Bach (Wal) gi rëm mat an d’Course. Am Gemengerot Bous-Waldbriedemes wäerten déi nächst sechs Joer eelef Persoune sëtzen, sechs aus der Sektioun Bous a fënnef aus der Sektioun Waldbriedemes. De Schäfferot mat senge véier Membere gëtt gläichméisseg opgedeelt. Wärend den Thomas Wolter (Waldbriedemes) sech de Wieler sécher net méi stelle wäert, léisst de Carlo Kütten (Bous) sech nach eng kleng Hannerdier op.