
Dat fuerdert d'asbl Zesummen fir Inklusioun.
An engem Bréif un den Educatiounsminister Meisch, kritiséiert d'ZEFI, datt nach villes net gekläert wier. Zum Beispill wat den Transport oder d'Disponibilitéit vun de Referenzpersounen ugeet.
D'ZEFI freet och, firwat een net eng Adaptatiounphase fir Kanner mat spezifesche Besoine kéint virgesinn, mat nëmmen e puer Stonne Schoul.
