
Haaptursaach fir dës Entwécklung ass d’Baisse vun den Energiepräisser an do virop de Stroum, deen am Joresverglach gutt 9% noginn huet. Déi lo méi rezent Baisse beim Elektresch geet virun allem op déi staatlech Bedeelegung bei de Reseau-Käschten zeréck, sou de Statec. D’Pëtrols-Produite sinn am Joresverglach och 9% méi bëlleg ginn.
Den nationale Statistik-Büro seet fir dëst an d’nächst Joer iwwregens eng Präisdeierecht vun 1,8% viraus. Déi nächst Indextranche soll am zweeten Trimester dëst Joer erfalen, eng weider ass - den aktuelle Previsiounen no - fir d’drëtt Trimester 2027 virgesinn.