
Et gi wuel Soupçonen an och sinn eenzel Käpp a Nimm gewosst, mä sou gouf zum Beispill e Manifest mat de Motivatioune vun dëser labberer Gruppéierung virun zwou Wochen net signéiert a bleift deemno anonym.
Allemol ass et lo eng éischt ASBL, déi sech vun deem Mouvement distanzéiert - dëst ass "natur an ëmwelt". Wéi et heescht, géifen aktuell an de soziale Medie Messagen zirkuléieren, déi d'Ëmweltschutzorganisatioun a Verbindung mat der ASBL bréngen. Duerfir gëtt sech formell vun deem Mouvement distanzéiert, well sech d'Organisatioun just op wëssenschaftlech Fakte géif baséieren. "natur an ëmwelt" géif duerfir op allen Niveauen onofhängeg bleiwen.
RTL-Informatiounen no ass op d'mannst mat engem vun de Leit, déi déi wäiss freides-Cortègen ugemellt hunn, och en direkte Lien mat der ASBL ze maachen. Mä wéi gesot, eng Verbindung déi "natur an ëmwelt" formell dementéiert.
Eng aner Persoun, déi an de soziale Reseauen als Organisateur genannt gëtt, ass den Dokter Benoit Ochs, dee jo wéinst sengen Aussoen an dem Ëmgang mat de Coronamesuren zu engem Joer Beruffsverbuet verurteelt gi war. De Medezinner goung géint dëst Urteel an Appell.
Pressemitteilungvom 21.11.2021
Richtigstellung von natur&ëmwelt
In den sozialen Medien kursieren aktuell Beiträge, die natur&ëmwelt mit der sogenannten „Marche Blanche“ in Verbindung bringen.
natur&ëmwelt distanziert sich formell und offiziell von dieser Bewegung und den dadurch verbreiteten Ideen. Als anerkannte Naturschutzorganisation richten wir uns nach wissenschaftlichen Erkenntnissen und Fakten.
natur&ëmweltist und bleibt eine politisch und soziokulturell unabhängige Organisation.
Die Unterzeichneten,
für natur&ëmwelt a.s.b.l.
natur&ëmwelt - Fondation Hëllef fir d‘Natur
natur&ëmwelt - Centre de soins pour la faune sauvage
Roby Biwer - Präsident
Patrick Losch - Präsident
Lea Bonblet - Direktion
Gilles Weber - Direktion
Jill Gaasch - Direktion