Fir dat z’encouragéiere ginn nei Lotissementer net méi un de Gas ugeschloss an d’Regierung huet d’Hëllefe fir vu fossil op erneierbar ëmzeklammen rezent ugepasst a vereinfacht, réckwierkend op den 1. Januar dëst Joer.
Bis zu 12.000 Euro leet de Staat bäi, wann een eng Wäermepompel an engem Eefamilljenhaus installéiert, bis zu 37.500 Euro bei engem Gebai mat méi Wunnengen. Iwwer d’Internetsäit Klima-Agence.lu kann een ausrechne loossen, wéi vill een ze gutt huet, erkläert den Energieminister Claude Turmes.
“Mäin Haus ass vun deem an deem Joer, ech hunn eng Masutt- oder eng Gasheizung an da gesitt der, wann der dat ersetzt duerch eng Wäermepompel, wéi vill Subsiden, dass der da vum Staat ze gutt hutt.”
D’staatlech Hëllef kann ugefrot ginn, nodeems een d’Wäermepompel installéiert huet.
Net all Gebai kritt een an de kale Wanterméint eleng mat erneierbaren Energië gehetzt, hei kann een allerdéngs op eng Hybrid-Heizung zréckgräifen, sou de Minister.
“Leit, déi eng bestoend Gasheizung oder Masuttsheizung, wa se se net kënne ganz eraushuelen an duerch eng Wäermepompel ersetzen, datt se nieft hir Gas- oder Masuttsheizung eng Wäermepompel stellen an déi Wäermepompel, déi kann da 60, 70, 80 Prozent vum Joer kann déi d’Wäermt liwweren, dee Gas an dee Masutt hunn ech gespuert, an dee gëtt jo dann ersat duerch erneierbare Stroum.”
Wéinst der héijer Inflatioun leet de Staat iwwerdeems a verschiddene Fäll nach e bësse méi bäi.
“Mir ginn an der Reegel 50% Subsiden, allerdéngs ass et esou, dass mer elo iwwert d’Tripartite zesumme mam Henri Kox et sou gemaach hunn, datt Leit, déi manner Revenu hunn, déi kënne bis zu 100 Prozent vun hirer Wäermepompel oder vun aneren Investitiounen, ewech vu fossillen Energien, vum Staat subventionéiert kréien.”
Bei den Neibauten ass da vun 2023 u Schluss mam Gas.
“Nei Gebaier, déi ab dem 1. Januar vum nächste Joer gebaut ginn, do ass et esou, dass d’Wäermepompelen dann d’Referenztechnologie sinn. Dat si jo Gebaier, déi super gutt isoléiert sinn, an da kënnt nach eng Wäermepompel dobäi an dofir mécht et dann och kee Sënn, dass een eng opwänneg Infrastruktur mécht, fir de Gas an de Buedem ze leeën.”
Esouwäit den Energieminister Claude Turmes.