
Neie Buergermeeschter zu Esch-Sauer gëtt den Éischtgewielte Laurent Hilger, bis ewell Conseiller. Éischt Schäffin gëtt déi Drëttgewielt Jenny Schank. Zweet Schäffin gëtt déi Fënneftgewielt Mireille Welter. Zu Esch-Sauer gouf eng éischte Kéier nom Proporz-System gewielt. Den aktuelle Buergermeeschter, de fréiere Minister an Deputéierte Marco Schank, war net méi mat an d’Walen.