
De President vun der Kommissioun, den LSAP Deputéierte Georges Engel, gouf als Rapporter nominéiert. Wéi et geheescht huet, wier de politesche Wëllen den, dass d'Aarbechten sou séier wéi méiglech viru kommen, fir dass d'Mesuren nach dëst Joer kënnen a Kraaft trieden. Ee konkreten Timing gouf net genannt.
Wat den Europadag betrëfft, wollten Deputéiert wëssen, ob d'Regierung drun denkt speziell Evenementer ze organiséieren, fir d'Populatioun iwwert Thematik vun dem Dag ze sensibiliséieren. Den Aarbechtsminister Dan Kersch sot an dem Kontext, dass d'Preparatiounen am Gaange sinn, fir eng Manifestatioun oder Volleksfest op dem Dag ze organiséieren.
An Zukunft soll et dann esou sinn, dass d'Leit am Privatsecteur, déi vum legale gesetzleche Congé vu 25 Deeg profitéieren, d'Recht op 26 Deeg hunn. Den zoustännege Minister huet nach eemol drun erënnert, dass et sech net ëm eng automatesch Adaptatioun vun de Congéen handelt, wéi se an de respektive Kollektivverträg virgesi sinn. Den Dan Kersch huet och betount, dass de Staat sech net wäert amëschen an d'Diskussiounen tëscht Patronat a Gewerkschaften wat d'Kollektivverträg uginn. Et wier deemno un de Syndikater, wann si dat da wéilten, während den nächsten Kollektivvertragsverhandlungen ee supplementären Congésdag ze froen.
D'Chambre de Commerce ass géint d'Decisioun déi d'Koalitioun de Salariéeën accordéiere wëll, also den 9. Mee an ee Congésdag méi. De Refus vun der Chambre de Commerce steet an hirem Avis, deen dëser Deeg publizéiert ginn ass.
