Wéi wichteg d’Gesondheetsberuffer an d’Fuerschung an deem Beräich sinn, gouf eis an de leschten 2 Joer däitlech virun Ae gefouert. D’Regierung wëll an deem Beräich weider Efforten zu Lëtzebuerg maachen an huet am Kader vun enger Wirtschaftsmissioun vum Minister Franz Fayot zu Forchheim an Däitschland annoncéiert, dat zu Esch ee Gesondheetscampus wäert entstoen.
Eng Firma vun Esch huet direkt am Ufank vun der Corona-Pandemie en eegene PCR-Test entwéckelt an am Grand-Duché produzéiert. Testkapazitéiten, op déi Lëtzebuerg vun Ufank u konnt zréckgräifen. Eng Erfollegsstory, op déi soll opgebaut ginn an déi weise géif, wéi wichteg Investitiounen an deem Beräich sinn. Um Bord vun enger Wirtschaftsmissioun vum Franz Fayot gouf en neie Gesondheetscampus zu Esch annoncéiert. Et géif eng medezinesch Revolutioun ginn an der personaliséierter Medezin.
Op 2,4 Hektar soll de sougenannten HE:AL-Campus entstoen. Dat tëscht dem House of BioHealth, wou aktuell eng 20 Firmen an 1.000 Mataarbechter schaffen, an dem geplangten neien Escher Spidol. En Deel vun den Infrastrukturaarbechten ass schonn ofgeschloss. 2024 kéint de Rescht vun den Aarbechten ufänken. Bannent 10 Joer soll de komplette Campus stoen, esou de Jean-Paul Scheuren, Gerant vum Innovation Cluster, deen de Projet realiséiert. Den Terrain gehéiert der Aktivitéitszon ZARE. Duerch dësen neie Projet géif d’Regioun fir héichqualifizéiert Aarbechter méi interessant ginn.Zu Forchheim an Erlangen an Däitschland gëtt et esou ee grousse Gesondheetscampus. Dës Medical Valley geet sech eng gréisser Lëtzebuerger Delegatioun e Mëttwoch an en Donneschdeg ukucken.