7. bis 13. FebruarNeiinfektioune bannent enger Woch ëm 53% zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
Lescht Woch goufe 5.871 Leit positiv op de Coronavirus getest. Déi Woch virdru waren et der nach 11.003.

D’Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg entspaant sech. Dat geet aus dem Réckbléck vun der Santé ervir. Tëscht dem 7. an dem 13. Februar ass bei 5.871 Leit de Corona-Test positiv ausgefall, wat 53% manner Infizéierter si wéi déi Woch virdrun. Tëscht dem 31. Januar an dem 6. Februar waren et knapp iwwer 11.000 nogewisen Neiinfektiounen. Den Inzidenz-Taux läit bei den net-geimpfte Persoune bei 1.368 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner; bei de vaccinéierte Residente läit en e gutt Stéck drënner bei 749.

24.341 PCR-Tester goufen am genannten Zäitraum duerchgefouert. De Positivitéitstaux vun all den Tester, déi gemaach goufen, ass vu 34 op 24 Prozent gefall an et gëtt och eng däitlech Baisse beim Inzidenzwäert iwwer 7 Deeg op 100.000 Awunner. Dee fält vu ronn 1.700 déi viregt Woch op 924.

Erofgaangen ass och d’Zuel vun den aktiven Infektioune vu 26.222 (Stand 6. Februar) op 17.119 (Stand 13. Februar). Mëttlerweil gëllen 156.761 Persounen als geheelt. Den Altersduerchschnëtt vun de Persounen, déi sech mam Coronavirus infizéiert hunn, läit bei 31,3 Joer.

Corona-Réckbléck Santé / Rep. Dany Rasqué

D’Zuel vun de Corona-Doudege bleift zu Lëtzebuerg weider héich. Lescht Woch sinn 12 Leit a Relatioun mat Covid-19 verscheet. D’Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 80 Joer.

Mat Bléck op d’Spideeler geet aus der Retrospektiv ervir, datt et manner nei Admissioune goufen, vun 73 virlescht Woch op 64 lescht Woch. Op den Intensivstatiounen ass d’Zuel vun de Corona-Patiente vun 11 op 10 erofgaangen. Den Altersduerchschnëtt vun de Patiente läit bei 58 Joer. 24 vu 64 Patienten op de Soins normaux waren net geimpft, 40 haten e kompletten Impfscheema. Op den Intenvistatiounen hate sech 4 vun 10 Leit net géint de Coronavirus vaccinéiere gelooss.

En Trend no ënne gouf och bei den Isolementer a Quarantäne festgestallt. Tëscht dem 7. an dem 13. Februar ware méi wéi 25.700 Leit an Isolatioun, wat e Minus vu 27% ass. 3.073 Mënsche waren iwwerdeems a Quarantän, eng Baisse vu genau 50%.

Am meeschte gouf sech am familiäre Krees infizéiert mat 40,8% vun de Fäll. Als zweetheefegst gouf d’Aarbechtsplaz genannt mat 5,4%, op Plaz 3 kënnt de Beräich vun der Fleeg (3,4%). D’Vakanzen am Ausland an de Fräizäitberäich maache jeeweils liicht méi wéi 3 Prozent aus. De Prozentsaz vun de Fäll, bei deenen net konnt ermëttelt ginn, wou sech ugestach gouf, läit bei 37,6%. An de Schoule gouf et just eng Klass aus dem Fondamental, an där et méi wéi 5 positiv Fäll gouf an déi dowéinst huet missen a Quarantän gesat ginn.

Ronn 12.000 Dosisse Vaccin goufe lescht Woch gesprëtzt. Fir 889 Persoune war et déi 1. Dosis. 3.053 Mënsche goufe fir d’zweet geimpft a 6.713 hunn hir Opfrëschungsimpfung kritt. 466.145 Leit gëllen als vollstänneg geimpft, wat 77,6 Prozent vun der Bevëlkerung iwwer 5 Joer entsprécht.

De List fënnt iwwerdeems nach ëmmer vill Virus an de Kläranlagen, mä och do geet d’Tendenz weider erof.

PDF: Retrospektiv vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO