
16 Joer Prisong, dovun 10 mat Suris probatoire, kritt den Haapttäter vun der déidlecher Messerpickerei zu Bouneweg am Januar 2021. Dat ass d’Urteel an éischter Instanz, dat d’Riichterin en Donneschden um Stater Geriicht prononcéiert huet.
Den deemools Jugendlechen, deen en 18 Joer jonke Mann mat engem Kichemesser déidlech blesséiert hat, muss wärend fënnef Joer eng ganz Rei Oploen erfëllen, fir säi Recht op Sursis ze behalen. Deemno sinn et sechs Joer feste Prisong – e Strofmooss, dat liicht méi niddreg ass, ewéi déi 16 Joer Prisong, dovu maximal d’Hallschent op Sursis, also aacht Joer feste Prisong, déi de Parquet gefrot hat.
Dobäi muss de Verurteelten awer Schuedenersatz un divers Persoune bezuelen, zesummegerechent iwwer eng Véierelsmillioun Euro, op alle Fall eng Zomm am sechsstelleg Beräich.
Fir den Affekot vum Condamnéierte fält d’Strof däitlech ze héich aus. De Me Marc Lentz ass net zefridden: “Nee, mir haten eigentlech eng manner héich Strof gefrot. Mir hate gehofft, eng Partie vun eisen Argumenter géifen zeréckbehale ginn. Et war eng ganz speziell Situatioun deen Owend. Déi richteg Zeie konnte weider keng Kloerheet bréngen. Mir haten Selbstverdeedegung, also legitim Defense plädéiert, mir haten och Provokatioun säitens dem Affer ervirgehuewen. Dat ass net zeréckbehale ginn.”
De Me Lentz wëll elo d’Motivatioun vun de Jugen fir dee Verdikt studéieren an dann zesumme mat sengem Clienten eng Decisioun huelen, wéi et weider goe soll. Hien huet awer schonn ugedeit, géint dat Urteel an Appell ze goen.
De jonke Verurteelte war selwer net am Geriichtssall present. Wärend dem Prozess am Oktober zejoert hat hien d’Dot zouginn. D’Intentioun, een ëmzebréngen, hätt hien awer net gehat. De Parquet hat net a senger Faveur argumentéiert.
Den zweeten Ugekloten am Prozess wéinst der déidlecher Messerpickerei, de Copain vum Doudesaffer Raphael, krut néng Méint Prisong mat Sursis intégral. Hie gouf wéinst Kierperverletzung verurteelt.
De Parquet hat fir hie sechs Méint Prisong op Sursis gefrot.