
29 Mineure wieren d’lescht Joer zu Schraasseg placéiert ginn, bei engem Deel wier et net dat éischt Placement gewiescht. D’Ministesch huet vun engem strukturelle Manktem geschwat, deen iwwert d’Jore gewuess wier. Bei enger Entrevue mat der Gesondheetsministesch, dem Educatiounsminister, dem Parquet an de Jugendriichter hätt ee versicht, d’Besoine besser ze verstoen.
“Mir deelen och zum Deel hir Analys, datt vläicht duerch dee strukturelle Manktem, deen, wéi gesot, iwwert d’Joren entstanen ass, heiansdo Jugendlecher placéiert sinn op Plazen, wou se eigentlech vläicht net onbedéngt higehéieren, mee well dee Moment d’ Situatioun esou ass, ass et eeben net anescht méiglech. An eist Zil ass et elo, nach besser déi Besoinen och ze verstoen a fir ze kucken, wat vu Besoinen nach muss ofgedeckt ginn. Mir hunn natierlech op där enger Säit wierklech déi psychiatresch Besoinen. Mee mir hunn awer och socio -educatifs Besoinen op där anerer Säit. An dann hu mer natierlech och wierklech déi Stroftäter, déi mer dann och mussen awer kënnen och enzwousch aspären, souzesoen.”
D’Planungsaarbechten um Jugendprisong géingen och weider lafen. D’Elisabeth Margue huet ënnerstrach, et géingen haaptsächlech Jonker am Prisong placéiert ginn, déi gewalttäteg, radikaliséiert oder eng Gefor fir anerer wieren.