Wéini gi lesbesch Koppele automatesch als Elteren unerkannt?"Mir waarde just nach op den Avis vun der Ethikkommissioun"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue an der Chamber op d'Fro vun der DP-Deputéiert Corinne Cahen.
© RTL

Aktuell muss déi Mamm, déi d’Kand net ausgedroen huet, hiert eegent Kand adoptéieren. Déi Prozedur kann awer eréischt ulafen, wann d’Kand 3 Méint huet. D’Deputéiert huet ënnerstrach, dass dat matsechbréngt, dass déi Mamm, déi d’Kand net ausdréit, kee Recht op Congé bei der Gebuert huet an och eréischt Congé parental huele kann, wa si d’Kand bis adoptéiert huet. Dat wier net am Interêt vum Kand.

D’Gesetz, mat deem d’Filiatioun soll reforméiert ginn, wier aktuell blockéiert, well de Staatsrot gefuerdert huet, datt et vun engem Bioethikgesetz encadréiert gëtt, huet d’Justizministesch erkläert. Fir dat ëmzesetzen, géing d’Gesondheetsministesch Martine Deprez awer ëmmer nach op en Avis vun der Ethikkommissioun waarden. Dee misst awer elo geschwë kommen. D’Justizministesch huet awer präziséiert, si hätt och en Expert beoptraagt ze kucken, wat ee schonn ouni Bioethikgesetz ëmsetze kéint. Et géing een och kucken, ob et méiglech wier, den Delai fir d’Adoptioun erofzesetzen. Weider géing si d’Gespréich mam Familljeminister Max Hahn sichen, fir ze kucken, ob et méiglech wier um Niveau vun de Congéen eppes z’änneren.

Back to Top
CIM LOGO