
E Freiden de Mëtteg huet d’Regierung méi labber Mesuren annoncéiert. Dëst wier méiglech ginn, well trotz héijen Neiinfektiounen de Chiffer vun den hospitaliséierte Covid-Patiente stabel géing bleiwen.
All d’Politiker, mat deene RTL geschwat huet, begréisse méi labber Mesuren, sinn awer net all enger Meenung. “Déi Mesuren, déi proposéiert goufen, maachen duerchaus Sënn”, seet den LSAP-Fraktiounspresident Yves Cruchten. Mam Zréckgoen op Mesuren, wéi se virum Dezember waren, géing een op déi aktuell Situatioun reagéieren, sou wéi een dat ëmmer schonn an der Pandemie gemaach hätt.
Datt d’Regierung géing koherent virgoen, fënnt d’Oppositioun awer net. “Inkoherent” an “onlogesch” nennt de Pirat Sven Clement déi adaptéiert Mesuren. D’Spärstonn vun 23 Auer un hätt nach ni Sënn gemaach. Elo vun engem 2GPlus-Regime op en 3G ëmzeklammen, wier onlogesch. D’Piraten hätten erwaart, datt géing en 3GPlus-Regime agefouert ginn.
Den CSV-Frakiounspresident Claude Wiseler seet, datt ee mat där Decisioun géing den Drock vun de Leit huelen, sech impfen ze loossen. Doduerch, datt een elo net méi a Quarantän misst goen, wann een als geimpfte mat enger infizéierter Persoun a Kontakt war, géing ee sech ee Moyen huelen, fir besser ze wëssen, wou een am Pandemieverlaf drun ass.
D’Regierung géing sou den Iwwerbléck verléieren. Mä souwisou géing dës och net déi néideg Informatioune liwweren, datt eng uerdentlech parlamentaresch Aarbecht kéint gemaach ginn. Sou wier keng Analys gemaach ginn, wat d’Anti-Covid-Moossname brénge géingen oder bruecht hätten.
D’Nathalie Oberweis vun déi Lénk kritiséiert och d’Krisegestioun vun der Regierung. Et kéint jo net sinn, datt all puer Woche géing d’Chamber erbäigeruff ginn, an alles nees géing ëmgekrempelt ginn. Et géing ee sech dacks ze vill um Ausland orientéieren. “Dee ganzen Aktivismus, dat ass de Geck mat de Leit gemaach”, sou d’Deputéiert.
De Jeff Engelen vun der ADR freet sech dann och iwwer déi méi labber Mesuren, mä se géingen net wäit genuch goen. D’ADR fuerdert d’Ophiewe vu sämtleche Anti-Coronamesuren.
