Dokter Bernard ThillNet jiddereen huet "déi Chance, zu deem verwinnten Deel" ze gehéieren

RTL Lëtzebuerg
D'Associatioun Medecins du monde zu Lëtzebuerg hëlleft deene Leit, déi keen Accès zu medezinescher Versuergung hunn.

Dorënner falen och Mënschen, déi op der Strooss liewen an aus deem Grond ass d’Heescheverbuet fir den Dokter Bernard Thill, President vu Medecins du monde zu Lëtzebuerg, bal net ze verstoen. Hie war ee vu ronn 300 Manifestanten, déi op Liichtmëssdag op d’Strooss gaange sinn, fir dogéint ze protestéieren.“Net jiddereen huet d’Chance, zu deem verwinnten Deel vun der Gesellschaft ze gehéieren.”

Medecins du monde / Rep. Dany Rasqué

Et misst ee sech dofir schummen, datt mir als Gesellschaft déi Leit wéilten onsiichtbar maachen, déi keng Suen hunn an deenen et esou schlecht geet, datt se sech mat engem Becher mussen op d’Strooss sëtzen, fir kënnen z’iwwerliewen, seet de President vun den “Doktere vun der Welt” zu Lëtzebuerg.

“Einfach verdränge vun der Strooss, dass kee se méi gesäit. Et ass fir mech einfach onvirstellbar, dass een der Wourecht net an d’Ae kuckt an dass een deene Leit virun allem net an d’Ae kuckt, well dat si Mënschen, déi do sëtzen, déi an Nout sinn.”

Grad fir déi Leit setzt dem Dokter Bernard Thill seng Associatioun sech an. Amplaz esou e Verbuet ze decidéieren, schléit hie vir, datt ee sech fir d’alleréischt emol eng Rei Froe stellt.

“Firwat hu mer dee Problem? Firwat sinn déi Leit an der Strooss? Firwat heeschen déi Leit? Dat sollt ee kläre mat all deenen ONGen, déi et am Land gëtt an déi sech ëm déi sozial Problemer bekëmmeren, fir datt mer do upaken an deene Leit hëllefen, datt se net méi mussen op der Strooss setzen. Dat wier dach déi normal Konsequenz an net einfach de Problem ënnert den Teppech kieren, d’Leit onsiichtbar maachen an aus der Stad verdrängen. Fir mech ass dat eng onmënschlech, eng onvirstellbar Attitüd, déi eng Gesellschaft kann entwéckelen.”

De President vu Medecins du monde ass fest dovunner iwwerzeegt, datt een d’Aarmut net einfach dierf ignoréieren, weder zu Lëtzebuerg, nach éierens anescht op der Welt. Soss géif een e grousst Potential fir Konflikter schafen, dat iergendwann géif explodéieren.

Back to Top
CIM LOGO