De Grupp, deen a 4 Pilieren opgedeelt ass, mécht zejoert en operative Gewënn vu 7,6 Milliounen, virzejoert waren et der nach knapp 10.
Wéinst de Finanzresultater geet den Nettogewënn awer erop vun 9,5 op 12,5 Milliounen.
De Volet Airline rëtscht weider an den negative Beräich a schléisst mat engem Minus vun 10 Milliounen of. Schold dorun ass virun allem de Präis vum Kerosin.
Eng däitlech Croissance gouf et op där anerer Säit beim Pilier Luxair Tours.
Am Beräich Cargo geet et liicht erof, am Domän Services liicht erop.
D'Luxair stellt sech op schwiereg Konditioune fir d'Zukunft an, notamment wéinst Kerosin-Präisser an Co2-Diskussiounen.
E Méindeg hat d'Luxair jo matgedeelt, datt den Giovanni Giallombardo de Paul Helminger un der Spëtzt vum Verwaltungsrot ersetzt. De fréiere Stater Buergermeeschter hat aus perséinleche Grënn op e weidert Mandat un der Spëtzt vum Conseil verzicht.
RTL-NEWS vum Méindeg: Giovanni Giallombardo neie President vum Luxair-Verwaltungsrot.