
An der Nuecht op e Méindeg sinn d’Temperature op bis zu -4 Grad erofgaangen. War an enger éischter Phas bei Meteolux nach Schnéi gemellt tëscht 10 a 14 Auer, sou gouf dëst um Méindeg de Moien awer bis 16 Auer verlängert. Am Laf vum Nomëtteg ass de Schnéi a Reen iwwergaang.

Wärend an der Mëttesstonn Temperaturen ëm 0 Grad ustoungen, sou klamme se duerno awer op 2 bis 6 Grad.

Déi schwiereg Wiederkonditiounen hunn hiert dann och dozou bäigedroen, dass et eng Partie Accidenter gouf. Sou z.B. tëscht Héiweng a Garnech, tëscht Alzeng a Réiser, zu Rëmeleng an zu Beetebuerg.
En Dënschdeg wäert et dann och bei bis zu 5 Grad ëmmer nees zu Schauere kommen. E Mëttwoch an en Donneschdeg ass mat ville Wolleken ze rechne bei ronn 3 bis 4 Grad, an en Donneschdeg den Owend soll et nees méi naass ginn.