D'Police sicht no ZeienNo Accident op der A13

RTL Lëtzebuerg
E Méindegmëtteg hate sech een Auto an ee Motorrad ze packe kritt. De Motocyclist war dobäi schwéier verwonnt ginn.

Den Incident ass de 4. September um 16.27 Auer op der A13 vu Nidderkäerjeng a Richtung Esch op Héicht vun der Ausfaart Bieles geschitt. D’Police sicht no engem wäisse VW Golf, Modell 7 GTI. Dëse war zum Zäitpunkt vum Accident ze séier op der Autobunn ënnerwee.

Informatioune si fir d’Police vun Esch a sollen entweder per Telefon (50 10 00) oder Mail (police.esch@police.etat.lu) eragereecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO