Gesetzprojet gestëmmtNo bal honnert Joer changéieren d'Reegele fir Associatiounen a Fondatiounen

RTL Lëtzebuerg
Den entspriechende Gesetzprojet gouf de Mëttwoch de Moien an der Chamber mat 54 Jo-Stëmmen ugeholl. D'ADR an déi Lénk hunn dogéint gestëmmt.

Bei hinnen haten d’Doutten, dass d’Veräins- a Stëftungsliewen duerch dat neit Gesetz wierklech moderniséiert an administrativ méi einfach géif ginn, iwwerwien.

D’Keese vun de Veräiner mat engem Ëmsaz iwwer 50.000 Euro d’Joer oder Avoire vun iwwer 100.000 Euro mussen an Zukunft eng “Comptabilité en partie double” maachen. D’ADR ass der Meenung, dass scho vill kleng Veräiner déi Grenz depasséieren an deemno méi Opwand hunn. Och déi Lénk hu bedauert, dass e Modell fir professionaliséiert Associatiounen a Fondatiounen op déi kleng iwwerholl gëtt. D’Benevolat géif dorënner leiden. Déi aner Parteien hu sech am Sënn vun der Transparenz fir d’Membere fir eng duebel Kontroll ausgeschwat.

De Gesetztext gesäit dräi Kategorië vun ASBLe vir. Wat se méi grouss ass, wat d’Obligatioune méi streng sinn. D’Memberslëschte mussen net méi publizéiert ginn. ASBLe kënne sech iwwerdeems restrukturéieren, ouni sech mussen opzeléisen.

Mam neien Text soll d’Gesetz och konform sinn zu de Richtlinne vum Groupe d’action financière, dee sech jo géint de Blanchiment asetzt. Sou soll evitéiert ginn, dass am schlëmmste Fall souguer Terror kéint iwwer eng Associatioun finanzéiert ginn.

2009 gouf dëse Gesetzprojet vum deemolege Justizminister Luc Frieden deposéiert. Et huet deemno elo laang gedauert, bis den Text gestëmmt gouf. De Gesetzprojet gouf zweemol amendéiert.

Back to Top
CIM LOGO