
Wéi sech virbereeden op déi sëlleg Erausfuerderungen, déi de Klimawandel an noer Zukunft mat sech brénge wäert? Nohaltegkeet ass hei dacks d’Stéchwuert, ma wat bedeit dat iwwerhaapt? Mat sengem Projet vun der Ëmweltschoul wëll den Tom Haas d’Leit heiriwwer opklären. D’Iddi dofir ass him komm, nodeems em opgefall war, datt et a Gespréicher, déi hien zum Thema Nohaltegkeet mat anere Leit gefouert huet, dacks zu Mëssverständnesser koum: “Do héiert een dann oft vun de Leit: Ech hu jo awer eng Photovoltaikanlag um Daach, da sinn ech jo lo gutt mam Klimawandel. An dann op der anerer Säit vergiesse se dann awer, datt se nach eng Masuttsheizung oder e Gasboiler am Keller stoen hunn. Änlech ass et, wann ee mat de Leit iwwer CO2-Konzentratioun an der Loft schwätzt. Da kënnt oft dat Argument: Jo mä ech hu schonn 10 Joer, wou ech kee Fläschewaasser méi kafen. Dat heescht, do gëtt da rëm de falsche Lien gemaach tëschent Atmosphär-Verschmotzung a klassescher Ëmweltverschmotzung oder Plastik, deen an den Ozeaner leie bleift.
Mat dëse Verwiesslungen opraumen, ass eent vun den erkläerten Ziler vum 27 Joer ale Masterabsolvent an den Ëmweltwëssenschaften an dem Ëmweltmanagement. Mä och fir säin am Studium ugëeegent Wëssen un anerer weiderzeginn a se zu engem méi nohaltege Liewensstil ze motivéieren. Nieft engem Instagram-Channel, dee reegelméisseg zum Thema post, wëll den Tom Haas dat och iwwer ënnerschiddlech Formatiounen an Ateliere maachen: “Dat sinn éischtens klassesch Formatiounen. Do erkläert een: Wat stécht hannert den Ëmweltkrisen, Klimakris, Biodiversitéitskris an awer och wéi beispillsweis erneierbar Energië funktionéieren. Wéi funktionéiert eng Wandmillen? Wéi funktionéiert eng Photovoltaik? Zweetens iwwer interaktiv Atelieren. Do geet et drëms, Leit an e Grupp ze maachen a si probéiere selwer d’Problematik hannert verschiddene Krisen erauszefannen an zesumme Léisungen ze fannen, wéi een déi Problemer kann ugoen.”
D’Zilgrupp vun der Ëmweltschoul ass breet gefächert: Nieft Entreprisen a Gemenge wëll den Tom Haas och Schüler aus de Lycéeën a Primärschoulen uschwätzen. Den Ament stemmt hien de Projet eleng, de Plang ass awer, sou ze wuessen, datt een dat Ganzt iergendwann villäicht an enger Ekipp maache kann. An nach weider Ziler huet hie sech fir d’Zukunft gesat: “Zil ass et, souvill Leit wéi méiglech z’erreechen, well d’Leit musse sech bewosst sinn, datt eis Gesellschaft grad op engem Bam sëtzt a mir si grad amgaangen, eisen eegenen Aascht ofzeseeën. Dowéinst ass et wichteg, d’Leit sou ze briefen, datt mir de Wee an eng méi nohalteg Gesellschaft fannen. Et dierf een och net vergiessen: Mir liewen an enger Demokratie a Klimaschutz kann net vun uewen erof diktéiert ginn, mä et muss een d’Leit mathuelen. De Wëlle muss vun de Leit kommen an et geet eben nëmme mat Sensibiliséierung.”
Wie selwer en Atelier oder eng Formatioun zu engem bestëmmten Thema buche wëll, dee ka sech déi eenzel Offeren op emweltschoul.com ukucken a mat dëser a Kontakt trieden.