
Et ginn Avantagen an Desavantagen a béide Systemer, seet de Jacques Delacollette, Gewerkschaftssekretär vum OGBL a Responsabel fir déi belsch Frontalieren. “De Problem zu Lëtzebuerg ass, dass d’Indextranche eréischt erfält, wann déi 2,5 Prozent iwwerschratt sinn”, esou d’Kritik vum Belsch. Eréischt dann, wann d’Inflatioun schonn en zimmlech héijen Niveau areecht huet, ginn d’Salariéen an d’Pensionäre kompenséiert. An der ganzer Period virdru wier awer schonn en Deel vun der Kafkraaft verluer gaangen, deen een net méi erëm kritt. An der Belsch funktionéiert d’Fällegkeet vum Index op ënnerschiddlech Manéieren. Am Ëffentleche Secteur klammen d’Paien zum Beispill ëm 2 Prozent, wann e bestëmmte Seuil, de sougenannten “Indice Pivot”, areecht ass. Och am Privatsecteur funktionéiere verschidden Entreprisen no dësem System, ma déi automatesch Upassung läit net ëmmer 2 Prozent mee kann och scho bei engem Prozent geschéien.
Am Privatsecteur ass et awer och méiglech, datt de Kafkraaftverloscht jee no Kollektivvertrag just eemol am Joer ausbezuelt gëtt. Da klamme verschidde Salairen op ee Coup. Mat der staarker Inflatioun zejoert waren dat am Januar deels 11 Prozent a verschiddenen Entreprisen.
Als Basis fir d’Berechnung vun der Inflatioun an der Belsch gëllt de sougenannten “Indice Santé”. Dëse gëtt opgrond vum Wuerekuerf vun de Stéit erstallt. Hei si Wueren, wéi en Auto oder eng Computermaus dran. Awer och Servicer wéi e Besuch beim Dokter. Ginn d’Präisser iwwer eng bestëmmte Period an d’Luucht, schwäetzt ee vun Inflatioun.
Deen gréissten Ënnerscheed tëscht dem lëtzebuergeschen Index an dem belschen “Indice Santé” ass, dass beim belschen zanter 1994 keen Alkohol, Tubak, Bensinn oder Diesel méi dran ass. Dat géing d’Stéit zanterhier defavoriséieren, wëll d’Präisser rezent explodéiert sinn, ënnersträicht de Jacques Delacollette.
“Ech mengen, den Ideal wier e System wéi zu Lëtzebuerg, wou Bensinn an Diesel am Wuerekuerf sinn. Mä d’Barrière vun 2,5 Prozent misst erofgesat ginn”, fënnt de Gewerkschaftler vum OGBL. Als Kompromëss schléit hien 1,25 Prozent vir, wëll de Verloscht vun der Kafkraaft misst méi séier kompenséiert ginn.
Am Géigendeel zu hei am Land wier den Index an der Belsch dann nach ni reportéiert ginn, mengt de Jacques Delacollette: “Den Index ass helleg. Do geet een net drun.” Et wier ausser Fro, den Index a Fro ze stellen.