
Den Doud ass zu Lëtzebuerg ëmmer nach en Tabuthema an et sollt méi doriwwer geschwat ginn. Dat fanne souwuel e puer vun eisen Nolauschterer wéi och d’Diane Dhur vun Omega 90 an de Mâitre Jean-Jacques Schonckert vun der Associatioun “Mäi Wëlle, mä Wee”. Nodeems am “Dir hutt d’Wuert” vill doriwwer geschwat gouf, wéi eng Rechter een u sengem Liewensenn huet, bleiwen awer Froen op, wat nom Doud geschitt.
Dat ass zu Lëtzebuerg an engem Gesetzestext vun 1913 festgehalen. E Gesetz, wat also schonn iwwer 100 Joer al ass. Vill Zäit, den Doud vun enger noer Persoun ze verdauen, huet ee laut dësem Text net, et gëtt een als Hannerbliwwenen nämlech mat enger ganzer Rëtsch Pabeierkrom an Delaie konfrontéiert.
De Verstuerwenen dierf zum Beispill fréistens 24 Stonnen nom Doud begruewen oder ageäschert ginn. An den Delai ass kuerz, d’Begriefnis oder d’Anäscherung muss nämlech spéitstens 72 Stonnen nom Doud geschitt sinn. Et kann een eng Verlängerung op fënnef Deeg froen, déi muss awer net accordéiert ginn. Wat d’Anäscherung ugeet, sou muss déi zwar och an dësem Delai geschéien, d’Äsche kënnen awer och méi spéit réischt verstreet oder bäigesat ginn.

An amerikanesche Filmer gesäit een ëmmer rëm, dass Familljen d’Urn mat den Äsche vun hire Verstuerwenen Doheem op der Etagère oder iwwert dem Kamäi stoen hunn. Ma dat ass zu Lëtzebuerg net erlaabt. Hei mussen d’Äschen entweder op engem Kierfecht bäigesat oder verstreet ginn.
A souguer fir d’Verstreeë ginn et kloer Reegelen. Et dierf een d’Äschen nämlech net bei sech am Gaart oder iergendwou an der Natur versteeën. Dat dierf ee just op enger offizieller Streewiss, wéi et déi zu Hamm gëtt, geschéien. Et gëtt awer och d’Méiglechkeet, eng Demande ze maachen, d’Äsche mat an d’Ausland ze huelen a se do iwwert dem Mier oder an der Natur ze verstreeën. Natierlech just an deene Länner, wou dat och erlaabt ass. Bei Déieren ass dat dann eng aner Saach. Hei kréien d’Besëtzer d’Äsche mat Heem a kënne se theoretesch verstreeën oder d’Urn iwwert dem Kamäi stoen hunn.

Méi beléift ginn zivil Begriefnisser, also ouni reliéis Trauerfeier, mä och d’Bäisetzung op engem Bëschkierfecht ass ëmmer méi gefrot. Wisou net Jiddereen um Bëschkierfecht ka begruewe ginn an ob Lëtzebuerg wierklech méi Problemer mam Doud huet wéi aner Länner, dat gitt Dir e Freideg de Moien um Radio gewuer. Hei ass de Jean-Paul Erasmy, Gerant vun Erasmy Pompes Fuèbres eisen Invité vun der Redaktioun.