Rentrée syndicaleOGBL äussert eng Partie Kritikpunkte géintiwwer der Regierung

Anne Wolff
Theme waren ë.a. eng méiglech Austeritéitspolitik no der Kris, d'Indexéierung vum Kannergeld, d'Logementskris an déi vum OGBL gefuerdert Steierreform.
OGBL äussert Kritikpunkte géintiwwer der Regierung
Theme waren ë.a. eng méiglech Austeritéitspolitik no der Kris, d'Indexéierung vum Kannergeld, d'Logementskris an déi vum OGBL gefuerdert Steierreform.

D'Presidentin Nora Back huet dobäi kritiséiert, dass d'Regierung vill wichteg Decisioune géing op déi nächst Legislaturperiod drécken. Dat géing virun allem fir d'Fro no der Logementskris gëllen. Hei hätt d'Regierung net genuch Courage, fir géint spekulative Leerstand an Akkumulatioun vun Immobilië virzegoen.

Kritik vum OGBL / Reportage Anne Wolff

Den OGBL verlaangt dofir eng progressiv Besteierung op Immobiliëbesëtz. Weiderhi kritiséiert den OGBL, dass d'Regierung keng Steierreform envisagéiert. Och déi geplangten Indexéierung vum Kannergeld fir den 1. Januar 2022 stoung an der Kritik, dat wier "politesch Makulatur", well déi Concernéiert esou net vun der nächster Indextranche Enn 2021 profitéiere kéinten. Allgemeng wéilt een evitéieren, dass d'Regierung bis zu der nächster Legislaturperiod "an en Dornröschenschlof fält", esou d'Presidentin vum OGBL.

© Christophe Hochard / RTL

Back to Top
CIM LOGO