
Den OGBL huet domadder zwee Sëtz méi wéi no de leschte Walen, allerdéngs ass de Landesverband zënter dem 31. Januar offiziell Deel vum Onofhängege Gewerkschaftsbond an hat bis elo zwee Mandater. Fir den LCGB ass et e Sëtz manner.
D’Aleba kritt ee Mandat bei a fir de Syprolux bleift et e Status Quo vun engem Sëtz.

D’Walbedeelegung ass liicht eropgaangen. 212.000 Leit hunn hire Stëmmziedel ofginn. 617.000 Persounen hätten dat kéinte maachen. D’Participatioun läit domadder bei 34,4 Prozent.