Géint Mënschenhandel virgoenOmbudsman fir Kanner a Jonker: Mannerjäreg Flüchtlinge si grouss Erausfuerderung

RTL Lëtzebuerg
Kanner hunn an all Land op der Welt déi selwecht Rechter an d'Leit, déi sech fir hir Rechter asetzen, hunn och dacks mat deene selwechte Problemer ze dinn.
Kanner, déi aus der Ukrain geflücht sinn, kréien an engem Flüchtlingszenter a Bulgarien eng Geschicht gelies.
Kanner, déi aus der Ukrain geflücht sinn, kréien an engem Flüchtlingszenter a Bulgarien eng Geschicht gelies.
© Nikolay DOYCHINOV / AFP

D’Ombudsleit aus Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch sinn dëser Deeg an deenen dräi Länner zesummen ënnerwee. Zu Lëtzebuerg ware se en Dënschdeg op Visitt an der Unisec zu Dräibuer, se hate Gespréicher an der Jugendpsychiatrie an se sinn am fréien Owend mat den Deputéierten aus fënnef Chamberkommissiounen zesumme komm.

Mineuren aus der Ukrain musse geschützt ginn / Dany Rasqué

An deene Gespréicher goung et ënnert anerem ëm eng grouss Erausfuerderung, virun där Europa steet: Den Accueil vu mannerjärege Flüchtlingen, vu Kanner a Jonker, déi aus dem Krich an der Ukrain hu misste fortlafen. Eng grouss Suerg ass, datt der eng Rei vun hinne wärend oder no senger Flucht verluer ginn an Affer vu Mënschenhandel oder Gewalt ginn. “E Message, deen d’Ombudspersoun aus der Ukrain eis mat op de Wee ginn huet”, seet de Charel Schmit, de Lëtzebuerger Ombudsman fir Kanner a Jonker.

Hien an och d’Mediatrice Claudia Monti betounen, datt déi Mineuren esou fréi wéi méiglech mussen enregistréiert ginn.

“Vläicht am beschte schonn, wa se op der Grenz sinn, fir dohanne fort, fir dass mer wëssen, wéi vill Kanner hei am Reseau sinn, dass mer se kënnen an deen offizielle Reseau integréieren an dass se net einfach esou vu Leit opgeholl ginn. Do si Leit, déi et ganz gutt mengen, mä et sinn och béis Leit drënner. Et muss opgepasst ginn, datt déi Jonk net kriminaliséiert ginn. Datt se entweder gedréckt ginn, Täter ze ginn, oder datt se Affer vu Mënschenhandel ginn.”

D’Institutiounen a ganz Europa missten en Aen dorop hunn. Zum Beispill misste Famillen, déi Kanner a Fraen ophuelen, am Virfeld iwwerpréift ginn, an dierften och dono net eleng gelooss ginn.

Wéi vill Leit dofir néideg sinn, wier schwéier ze soen, seet de Charel Schmit, well dës Situatioun eng nei Erfarung ass. Hien ënnersträicht och, datt d’Aarbecht vun den Ombudsleit kee Pass a keng Nationalitéit kennt.

Et ass och wichteg opzepassen, dass Kanner net diskriminéiert ginn, dass Kanner net opgedeelt ginn, no der Plaz, wou se hierkommen. Notamment och Kanner, déi viru Krich a Verfolgung musse flüchten, mat oder ouni hiren Elteren. Déi sollte mir esou gutt wéi nëmme méiglech hei ophuelen a mir dierfen net zouloossen, dass si diskriminéierend behandelt ginn.

D’Situatioun vu mannerjärege Flüchtlingen ass also eng vun de groussen Erausfuerderunge fir déi Leit, déi sech d’Rechter vu Kanner a Jonken asetzen, awer net déi eenzeg. Et goufen a ginn nach eng ganz Partie aner Froen, mat deenen ee sech beschäftegt, wéi de Bernard de Vos, Generaldelegéierte fir Kannerrechter an der Belsch, seet.

Mir hunn och iwwert d’Prekaritéit geschwat, iwwer d’Kanneraarmut an déi terribel Konsequenzen, déi dat op d’Rechter vun de Kanner huet. Den Harcèlement an der Schoul ass eng Fro, iwwert déi mer reegelméisseg a Visiokonferenzen diskutéieren.

Dëst ass eng Zesummenaarbecht, déi duerch d’Initiativ vu Frankräich entstanen ass a virun allem de Kanner a Jonken ze gutt kënnt.

Back to Top
CIM LOGO