Orientéierungsdebatt an der ChamberOmbudsman muss méi Kompetenze kréien

RTL Lëtzebuerg
Nieft der Pandemie stoung och eng Orientéierungsdebatt iwwert de Rapport vum Ombudsman vun 2020 um Programm an der Chamber.

Orientéierungsdebatt Rapport Ombudsman / Rep. Dany Rasqué

E Rapport, dee vill iwwert d’Gesellschaft an d’Zesummeliewen an d’Relatioune mat den Institutiounen ausseet, wéi d’Nathalie Oberweis sot. D’Deputéiert vun déi Lénk ass d’Rapportrice vun der Petitiounskommissioun, déi dës Debatt ugefrot hat. 2020 huet de Mediateur 914 Reklamatioune kritt, 61 Stéck manner wéi dat Joer virdrun.

Den Taux de correction louch bei 81,7 Prozent an den CSV-Deputéierte Paul Galles hat sech dat méi genee ugekuckt. “Wann ee bëssen duerch d’Lëscht kuckt, da stellt ee fest, datt et bei de verschiddene Ministèren, zum Beispill beim Finanzministère oder beim Ministère fir Educatioun, Enfance a Jeunesse: do läit den Taux de correction bei 100 Prozent. Aner Ministèren, wéi dee fir d’Famill, d’Integratioun an d’Groussregioun oder de Wirtschaftsministère weise just Tauxen op vu 50 respektiv 40 Prozent. Fairheetshalber muss een awer dobäi soen, datt beim Familljeministère just 5 Reklamatiounen eragaange sinn.”

Am Allgemenge géife Ministèren a Gemengen awer gutt mam Mediateur zesummeschaffen, esou de Paul Galles.

De liberalen Deputéierte Frank Colabianchi ass der Meenung, datt et un der Zäit ass, fir datt den Ombudsman méi Kompetenze kritt.“Dëst gouf d’lescht Joer hei gefuerdert. Am Rapport vun 2018 war schonn dovunner rieds mat deemools der Problematik vun de sougenannten Etablissements de droits privés, déi eng ëffentlech Missioun erfëllen, dëst mat ëffentleche Gelder an net an de Kompetenzberäich vum Ombudsman falen.”

Eng Fuerderung, déi ënnert anerem d’ADR ënnerstëtzt, wéi de Fernand Kartheiser seet.“Jo mir sollen driwwer schwätzen, fir d’Kompetenz auszebauen. D’Institutiounekommissioun an d’Petitiounskommissioun solle sech zesummesetzen an dee Problem reegelen.”

Datt de Mediateur soll Verfassungsrang kréien, gëtt iwweregens och ausdrécklech vun der ADR begréisst.

Back to Top
CIM LOGO