Wangiri-BedruchOnbekannten Nummeren net zeréckruffen, et kéint deier ginn

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg de Mëtteg ginn hei zu Lëtzebuerg e sëllechen Uriff gemellt, déi ënnert dem Begrëff "Wangiri-Bedruch" ze klasséiere sinn.
© Andy Brücker

Ni op enger friemer Telefonsnummer zeréckruffen, déi een net kennt, an déi sech um Handy affichéiert.Den Tuyau gëllt dëser Deeg méi wéi soss, wëll nees eng Serie vun esou Attacken, och nach als "Wangiri-Bedruch" bezeechent, zu Lëtzebuerg notéiert gëtt.D'Well vun esou Appellen huet en Donneschdeg am Nomëtteg ugefaangen.Wéi den Operateur Orange matdeelt, géife suspekt Nummere blockéiert ginn, mä et gëllt natierlech op kee Fall op net bekannt Nummere mat z.B. der Virwal 352 oder 33 zeréckzeruffen, well ee soss op Tonga op der Martinique erauskënnt, an da gëtt et eng deier. Concernéiert vun dësen automatiséierten "Ping back calls" sinn all Operateuren am Land.

Beispiller vu verschiddene Fake-Nummeren:

35233821782873

33821782873

67579989379

35233821782877

33821782877

35233821782890

35233821782874

33821782874

33821782875

35233821782875

6766867387

De Bedreiwer Tango fir säin Deel schwätzt vu vereenzelte Fäll, massiv Attacken hätte si net an Uecht geholl. Et géif een d'Saach awer am A behalen.

Back to Top
CIM LOGO