
An der Finall vun der National Football League stounge sech an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg d’Seattle Seahawks an d’New England Patriots géintiwwer. An enger Partie, wou net vill Fändele geflu sinn, hu sech d’Seahawks duerch eng genial Leeschtung vun hirer Verteidegung mat 29:13 duerchgesat.
D’Patriots haten d’Säitewiel gewonnen an hunn decidéiert, déi zweet Hallschent de Ball ze kréien. D’Seahawks sollte vum éischte Ballbesëtz profitéieren an hunn direkt dräi Punkte gemaach. Dëst ass wichteg ze soen, well u sech déi éischt 30 Minutte vun béiden Defense dominéiert goufen. Wärend d’Seahawks guer näischt zougelooss hunn, hunn d’Patriots et fäerdeg bruecht, datt Seattle just dräi Mol e Fieldgoal geschoss huet. Den Duell vun den Defensen ass an der éischter Hallschent also un d’Seahawks gaangen, déi mat engem Avantage vun 9:0 an d’Paus gaange sinn.
D’Paus ugeschwat. Hei ass de Puerto-Ricaner Bad Bunny opgedrueden dat mat enger Bün, déi een esou nach net gesinn huet. Dat mat engem Madley aus verschiddene Lidder an der stëmmlecher Ënnerstëtzung vum Lady Gaga an dem Ricky Martin. Et war en Optrëtt, deen déi südamerikanesch Kultur an de Mëttelpunkt vun der Show gestallt huet. Ausser de kuerzen Optrëtt vum Lady Gaga war de Rescht vun der Show ganz op Spuenesch.
Nodeem d’Bün dann nees ofgeriicht war, ass et mat der zweeter Hallschent vun der Finall vun der NFL weidergaangen. An do huet den drëtte Véierel do ugeknäppt, wou déi éischt zwee opgehalen hunn: 3 Punkte fir d’Seahawks. Esou si mer mat engem 12:0-Avantage an déi lescht 15 Minutte gestart. An hei ware knapp 90 Sekonne gespillt, bis den éischte Touchdown an dësem Match gefall ass an d’Seahawks hiren Avantage op 19:0 ausgebaut hunn. Dono awer huet ee gemengt, d’Patriots wieren erwächt: Si hu direkt nogeluecht an nees op 19:7 verkierzt. Hir Defense huet du standgehalen a si kruten de Ball séier zeréck. Ma an deem Drive, dee scho quasi en alles oder näischt war, ass de Feeler geschitt. Den Drake Maye huet de Ball sengem Receiver an de Réck gehäit an de Love konnt de Ball doduerch offänken an huet seng Seahawks nees an eng gutt Positioun bruecht, fir den Ecart nees auszebauen. Dat hu si mat weideren 3 Punkte gemaach an de Virsprong op 22:7 gesat. Dee Fieldgoal war iwwregens dem Jason Myers sä fënneften an dësem Match, wat e Super Bowl Record ass. Knapp 4 Minutten an 30 Sekonne viru Schluss huet d’Defense vun de Seahawks sech fir hir haart Aarbecht nach belount a selwer en Touchdown markéiert.
Touchdown vun de Patriots, fir op 13:29 ze verkierzen, war zum Schluss nach just e bësse Kosmetik. Well et sollt bei deem Resultat bleiwen an d’Seahawks séchere sech domadder verdéngt den Titel an der NFL.

Beim Mega-Event am American Football stoung de Sport awer net onbedéngt am Vierdergrond. An den USA ass d’politesch a gesellschaftlech Situatioun ganz ugespaant, dat virop wéinst der Migratiounspolice ICE. Bei Asätz si schonn e puer Leit ëmbruecht ginn. Deemno war d’Show an der Halbzeit vum Artist Bad Bunny extrem politesch. De Grammy-Gewënner aus dem Puerto Rico sengt iwwer Aarmut an Drogen. Hien huet Zeeche géint dem Trump seng Politik gesat.
Déi konservativ an den USA a virop dem Trump seng Unhänger hunn d’Halftime-Show vum Super Bowl ferm kritiséiert. Nieft dem Bad Bunny ass Green Day opgetrueden. De Sänger Billie Joe Armstrong kritiséiert den Trump zanter Joren.
Déi rietspopulistesch Organisatioun Turning Point USA hat en Alternativprogramm op d’Been gestallt. De Museker Kid Rock war Deel dovun. Dem US-President selwer war de Super Bowl eegenen Aussoen no ze wäit ewech. De Bad Bunny als Kärstéck vun der berüümter Show an der Paus huet hien e “schreckleche Choix” genannt. Kalifornien ass awer och eng Héichbuerg vun den Demokraten.