A fir et direkt ze soen, et hate sech ee gudde Krack méi Leit fir d’Päerd decidéiert. Am Bësch huet een nämlech éischter méi seele Leit begéint a wann, da waren déi och net ëmmer wéinst de Bëschdeeg do. Dobäi bitt d’Natur- a Bëschverwaltung an Zesummenaarbecht mat enger Partie Partner ee breet gefächerten Abléck an de Bësch an an déi verschidden Etappen, wéi Holz verschafft gëtt. Am Ufank vun deem ganze Prozess steet mol d’Ëmmaache vun de Beem. Dobäi kommen dacks modern Maschinnen an den Asaz, déi d’Bamstämm op den Zentimeter exakt schneiden. Ma op enkem Raum, wou d’Gefor besteet, datt ee Bam, deen ëmfält, anerer beschiedegt, sinn et Mënschen, déi op d’Beem kloteren an d’Äscht ofschneiden. Et ass ee vun deene geféierlechste Beruffer an Europa an dowéinst gëtt Sécherheet beim eropklamme grouss geschriwwen.
Christian Steinmetz (Schafft dacks a lëfteger Héicht): “Ech hu ganz einfach Steigeisen un de Féiss, dat si sou Picken, mat enger Gurtsécherung ëm de Bauch, datt ech op dräi Punkte gehale sinn, zwee Mol un de Féiss an eng Kéier un den Hëften. An dann als zousätzlech Sécherung hu mer nach een zweet Kloterseel, wann iergendeppes géing noginn, datt mer dann awer nach gehale sinn. An et ginn nach verschidden aner Techniken, déi mer kéinten uwenden, déi awer hei net relevant sinn.”
Fir d’Beem dono ofzetransportéieren, gi mol Maschinnen, mol ganz klassesch, Ardennerpäerd benotzt. Een Deel vum Holz gëtt spéider genotzt, fir domadder ze hëtzen. Duerch déi modern Technik ass d’Räisse vum Holz haut kierperlech vill manner ustrengend wéi fréier. Ma wéi eng Zorte vu Beem eegne sech dann iwwerhaapt fir d’Hëtzen?
Guy Reding (Patron vun enger Holzentreprise): “Hei si Weiden derbäi, et sinn Hobichen derbäi, et sinn normal Bichen derbäi, am Fong lauter Brennholz. Weiden ass net den Top, well do ass vill Waasser dran an dat huet net vill Brennwäert. Mee déi Bichen, déi Hobichen oder wéi Eechen, vill Leit mengen, Eeche wier net fir an den Uewen,... dach, dat ass ganz gutt, dat huet ee ganz héije Brennwäert. An dann, wat ëmmer vergiess gëtt, Dännen, dat ass och ee ganz gutt Brennholz, et muss just laang genuch gelagert sinn, fir datt den Haarz raus ass.”
Ma d’Holz gëtt awer natierlech och genotzt, fir Géigestänn doraus hierzestellen. Sief et Gebrauchsgéigestänn oder awer och Konschtwierker. Fir datt dat an Zukunft esou bleift, brauch et ee Bësch an engem gudden Zoustand. An do ass aktuell zu Lëtzebuerg nach Loft no uewen.
Georges D’Orazio (Fieschter am Revéier Réiser): “Den Zoustand vum Lëtzebuerger Bësch, do kann een net soen, datt dee gutt ass, sécherlech net. Zemools hei op deene schwéiere Biedem falen d’Buchen eis massiv aus, zemools déi al Buchen, déi wierklech Schwieregkeeten hunn, wa mer Klimaextremer hunn, dat heescht laang Drécheperiode mat héijen Temperaturen, do hunn déi Buchen extrem drënner ze leiden. Mir mussen deem entgéintgoen, andeems datt mer engersäits de Bësch fit a sécher halen, fir déi Leit, déi e wëllen notzen an dra schaffen an anerersäits musse mer och seng Funktiounen erhalen.”
Et misst een an deene jonke Bestänn d’Jalone fir d’Zukunft setzen. Wien d’Réiser Bëschdeeg besiche wëllt, dee kann dat iwwregens nach eng leschte Kéier e Sonndeg tëscht 10 Auer moies a 5 Auer mëttes maachen.