Iwwert déi lescht 2 Joer huet sech d’Zuel un Umeldunge vun neie potentiellen Donneuren hallwéiert. Generell gëtt fir d’éischt an der Famill no engem Spender gesicht, wann do awer kee fonnt gëtt, läit d’Chance bei der weltwäiter Datebank bei 5 Prozent.
Lass geet et mat e puer Explikatiounen, 3 Minutte u Pabeierkrom an engem Mythos, deen ofgeschaaft gëtt.
“Et ass eigentlech net schwiereg. Leider ginn et Mythen, wou d’Leit mengen, et géif een an d’Réckemuerch gepickt ginn an dat géif jo schrecklech wéidoen. Et ass kee Réckemuerch, mee Knachemuerch aus der Heft. Mee a 95% vun de Fäll ginn d’Stammzellen iwwert de Bluttwee gespent.”, erkläert d’Christiane Lieners vum Plooschter Projet.
Béisaarteg Erkrankungen ewéi Leukemie brauchen eng intensiv Chemotherapie. Dobäi gëtt d’Bildung vum kranke Blutt zerstéiert an duerch eng gesond ersat. D’Stammzellen-Transplantatioun spillt hei eng essentiell Roll.
“Viru Covid hate mir ëm 2.500 Leit d’Joer, déi sech bei eis registréiert hunn. Wärend Covid ass déi Zuel op 500-600 gefall. Dat ass e groussen Impakt. Dat spiert een och weltwäit.”
Weltwäit ware viru Covid iwwer 30 Millioune Mënschen als Stammzellespender registréiert. Am Grand-Duché sinn et der 15.000. Dobäi muss ee bedenken, datt d’Donneuren automatesch nom 60. Liewensjoer aus der Datebank erausfalen.
“A wann een dann och weess, datt aus der ganzer Datebank nëmme 5 Prozent fonnt ginn, fir hirem geneteschen Zwilling ze hëllefen – dann ass d’Decisioun einfach. Wann een dann ee vun dëse 5 Prozent ass, ass dat ewéi wann een am Lotto 6 Richteger hat. Wie ka scho soen, datt en enger anerer Persoun d’Liewe gerett huet.”, esou de Carlo Muller, de Buergermeeschter vu Recken op der Mess.
Eng Rëtsch Leit haten de Wee e Samschdeg och op Recken fonnt. D’Sprëtz fir d’Analys huet hei net ofgeschreckt.
Trotz dem medezinesche Fortschrëtt si Leukemie an och aner Patiente mat Bluttkrankheeten op Stammzellen ugewisen. Eng méiglech Spend kann iergendwa Liewe retten.