
De Chauffer vun der Camionnette wollt zeréck op Réid respektiv Trënteng fueren an huet dowéinst op der N2 tëscht Réid an Aassel ëmgedréint. Wéi de Mann vum Feldwee nees zeréck op d'Streck wollt fueren, koum et zu engem Accident mat engem Won, deen ënnerwee Richtung Trënteng war.
D'Camionnette gouf duerch den Impakt zeréck op de Feldwee geschleidert, dee koum eng 30 Meter an engem Feld um Daach zum Stoen.
Béid Chauffere konnte sech selwer aus hirem Gefier befreien, d'Bäifuererin vum Auto huet missten aus dem Gefier befreit ginn. Déi 3 Persoune koume an d'Spidol.
D'Pompjeeë vu Mutfert a Réimech waren op der Plaz, grad ewéi de Samu an d'Ambulanze vu Beetebuerg an aus der Stad.