Media&Me @RTL CityOp Schnupperkurs duerch d’Medienhaiser

RTL Lëtzebuerg
Leschte Freideg ware Schüler a Studenten aus dem SaarLorLux op Besuch an der RTL City.

Och dëst Joer huet RTL de Projet “Media & Me” (organiséiert vum MedienNetzwerk SaarLorLux) ënnerstëtzt, fir interesséiert Studenten an de Beräicher “Medien a Kommunikatioun” d’Medieberuffer méi nozebréngen.

Op hirem Schnupperkurs duerch d’Medienhaiser, kruten 13 Schüler leschte Freideg gewisen, wéi den Oflaf bei RTL funktionéiert. Vun der Tëlee iwwert den Internet bis bei de Radio, krute si ënnert anerem och en Abléck, wéi eng Sendung ofleeft an och wéi verschidde Reportagë produzéiert ginn.

Zesumme mam Bob Konsbruck, eisem Radio-Presentateur a Reporter, hunn di Jonk eng Emissioun opgeholl. Dir kënnt Iech hei hir Talk-Ronn ulauschteren.

Interview Bob Media In Me (1)

Interview Bob Media In Me2

Back to Top
CIM LOGO