Overshoot Day zu LëtzebuergVun en Dënschdeg u liewe mir "op Kredit" bei der Natur

Tim Morizet
De 17. Februar markéiert fir Lëtzebuerg nees en onbeléifte Stéchdatum: den Overshoot Day. Vun dësem Dag un huet d’Land – reng theoretesch – all déi natierlech Ressourcen opgebraucht, déi fir dat ganzt Joer zur Verfügung stinn.
© RTL-Archiv

All d’Ressourcen, déi iwwert den Datum vum 17. Februar eraus fir de Rescht vum Joer benotzt ginn, ginn an deem Sënn “op Kredit” bei der Natur verbraucht. Lëtzebuerg zielt domat weltwäit zu de Länner mat dem héchste Ressourcëverbrauch pro Awunner – aktuell op der zweeter Plaz.

Héije Liewensstandard, wuessend Populatioun

Firwat Lëtzebuerg esou fréi am Joer säi Ressource-Limitt erreecht, huet verschidde Grënn. Engersäits spillt de generelle Liewensstandard eng grouss Roll, anerersäits de staarke Bevëlkerungswuesstem an d’Infrastruktur, déi hei muss mathalen. “Mer hunn e Liewensstandard, dee ganz héich ass. An da wiisst eis Populatioun, mee de System muss jo dann och relativ séier matwuessen. Inklusiv och d’Leit, déi iwwert d’Grenz kommen. An alles dat zesumme mécht, datt mer do net gutt erauskommen”, erkläert den Norry Schneider vun der ONG Votum Klima.

De Modell vum Overshoot Day rechent aus, wéi vill Fläch a Ressourcen e Land brauch, fir säi Liewensstil z’erhalen – a setzt dat an d’Relatioun mat deem, wat de Planéit an engem Joer produzéiere kann.

© Global Footprint Network 2026, www.overshootday.org and www.footprintnetwork.org

Siwe bis aacht Planéiten néideg

D’Resultat fir Lëtzebuerg ass alarméierend: Wa jidderee géif liewen, wéi hei am Land, bréicht een net nëmmen een, mee siwe bis aacht Planéiten, fir de Ressourcëverbrauch ze decken. Dat weist, wéi grouss den ökologesche Foussofdrock pro Kapp ass. Fir den Norry Schneider ass kloer, datt dëse Wee net nohalteg ass: “Et kann ee sech gutt virstellen, datt mer esou net kënnen éiweg weiderfueren. Mir sinn net dat eenzegt Land op der Welt. Dat heescht déi aner hunn och Besoinen. An dat féiert zu Enkpäss.”

Och wann d’Konsequenze vum Klimawandel zu Lëtzebuerg nach net esou extrem sinn, wéi an anere Weltregiounen, si Verännerungen am Alldag ze spieren. Virun allem beim Waasser gëtt dat däitlech. “Lëtzebuerg ass zum Gléck nach net mam Bangladesch ze vergläichen. Mee et mierkt een awer, datt mer Zäitweis vill ze vill Reen a kuerzer Zäit hunn – da kënnt et zu Iwwerschwemmungen. Aner Periode reent et net genuch an d’Landwirtschaft struewelt”, seet de Schneider.

Aner Länner maachen et vir

Trotzdeem ginn et och positiv Beispiller an Europa. Länner wéi Dänemark, Schweden, Finnland oder d’Schwäiz konnten hire Ressourcëverbrauch an de leschte Jore liicht reduzéieren an hiren Overshoot Day no hanne réckelen. Méi erneierbar Energien, lokal Produktioun an eng konsequent Klimapolitik spillen dobäi eng wichteg Roll. Zu Lëtzebuerg bleift dogéint den Tanktourismus e grousse Facteur am schlechten CO₂-Bilan.

Nieft der Mobilitéit huet virun allem d’Ernärung e groussen Impakt op den ekologesche Foussofdrock – besonnesch importéiert Produiten. Hei gesäit den Norry Schneider och individuell Handlungsméiglechkeeten: “Do kann ee relativ vill selwer steieren. Iwwert säin eegenen Teller. Säin eegenen Akaf.”

Fir vill Kritiker ass den Overshoot Day ze symbolesch a vereinfacht. Ëmweltorganisatiounen dogéint gesinn en als wichteg Sensibiliséierung. Net als Alarmismus, mee als e Moossinstrument, dee weist, wou een nobessere kann. All Dag, deen den Overshoot Day no hanne verréckelt, bedeit am Fong e klenge Gewënn – fir d’Ëmwelt, d’Wirtschaft an déi nächst Generatiounen.

Back to Top
CIM LOGO