LSAP, Gréng a LénkPalästina - "Näischt maachen ass keng Optioun"
D'Situatioun a Palästina erfuerdert Aktioune vu Lëtzebuerg, esou d'LSAP, déi Gréng an déi Lénk e Méindeg op enger Pressekonferenz.
Verëffentlecht: 12.10.26 10:55
D'Wafferou am Noen Osten géing just um Pabeier stoen. An der Realitéit géing et weider Krichsverbrieche géint d'Palästinenser ginn an eng ëmmer méi aggressiv Siidlungspolitik vun Israel.
Déi dräi, eegenen Aussoen no progressiv Oppositiounsparteien, si fir:
- e komplette Waffenembargo géint Israel
- en Import- a Verkafsverbuet vu Produiten aus illegale Kolonien an de palästinenseschen Territoiren
- d'Méiglechkeet, fir d'Finanzopsiicht CSSF d'Emissioun vun israeelesche Scholde via Lëtzebuerg ze refuséieren
- en nationale Kader fir autonom Sanktiounen
Näischt maachen ass keng Optioun, esou d'LSAP, déi Gréng an déi Lénk.
En Donneschden ass en Debat an der Chamber iwwert d'Lëtzebuerger Politik géintiwwer Israel.